D’Hecken sinn an eiser haiteger Kulturlandschaft op ville Plazen rar ginn. Dat ass schued, well Hecken fir d’Natur e wichtegen a wäertvollen Liewensraum duerstellen. Vill Vullen, Insekten an aner Déieren profitéiere vun den Hecken. Hecken gehéieren an all Landschaften – a si schéin zu allen Joreszäiten. Hecken sinn en Deel vun eiser Kulturlandschaft, an och si brauche reegelméisseg Fleeg. Divers an ënnerschiddlech opgebaut Hecken sinn am wäertvollste fir d’Natur. Dofir gëllt eng periodesch, etappeweis Verjüngung als aktiven Naturschutz. All Joer d’Hecken ze schneiden, kann dogéint eng onvirstellbar Belaaschtung fir si sinn, well se doduerch manner Bléien a Friichten entwéckele kënnen. De Säiteschnëtt soll dowéinst nëmmen esou wéineg wéi méiglech gemaach ginn.

An der Praxis ass dat leider dacks net de Fall. Beim Naturschutzsyndikat SICONA, dem gréissten Hecke-Schneidungsbetrib zu Lëtzebuerg, huet eng 40 Gemengen als Member. Dësen Naturschutzsyndikat schneit fir seng Memberen all Joer ronn 400 Kilometer Hecken laanscht d’Weeër.

Dëst ass keen Naturschutz

Hei e Resultat  .......weider liesen

Biller dovuner

Resultat Hecken Schneiden 25 

DSC 7530 Kopie

       Nieft den Hecken DSC 7530 Kopie