Hecken sinn e wichtegen Liewensraum an der Landschaft, a Viraussetzung fir eng héich Biodiversitéit. Dofir sinn och d’Hecken zu Lëtzebuerg duerch Naturschutzgesetz geschützt. Souguer den Zäitpunkt vum schneiden vun den Hecken ass gereegelt. Esou wei villes an eiser Kulturlandschaft brauch och Hecken eng gewëssen Fleeg fir seng Biodiversitéit ze erhalen. Dofir ass eng Natur schounend Fleeg vun den Hecken eng Naturschutz Aufgab, déi och vum Ëmweltminister finanziell ënnerstëtz gëtt. Verjéngung vun enger Heck duerch zeréck schneiden oder op de Stack setzen ass eng wichteg Naturschutz Moossnam. An eiser Landschaft feelen d’Hecken nach ëmmer, oft fënnt een nach just e puer isoléiert Rescht Bestänn . Grouss zesummenhänkend Hecken sinn nach just op wéinegen Plazen ze fannen. Besonnesch beim Hecke Schneiden gëtt an de leschte Joeren zu Lëtzebuerg enorm iwwerdriwwen. Feld oder Vëlo Weeër all Joer ginn hei Hecken laanscht de’ Weeër geschnitten. Aus Sécherheet Grënn heescht et meeschtens. Mee stëmmt dëst, méi iwwer Natur Heck an dat Hecke Geschneits zu Lëtzebuerg .