Den Hieselter bréngt mat sengen goldegen gielen Bléien schonns frei am Joer e beschen Faarf an Natur. E puer Sonnestonnen ginn duer, fir aus engem Hieselterstrauch Eng Schéinheet ze maachen . Et sinn déi männlech Bléien déi wei kleng giel Fändelen fir dëss Biller suergen. Di weibleche Bléien vum Hieselter sinn zimlech kleng an onscheinbar- a sinn nëmmen mat enger klenger rouder Narbe siichtbar. Dës weiblech Bléien kommen no den männlech Bléien eppes méi spéit a hu keen Nektar, a sinn dofir fir Insekten Welt esou frei am Joer oninteressant Den Hieselter bliet och zu enger Zäit ab Januar Februar Mäerz, do wou et dënn meeschten Insekten nach ze kal ass. De Wand suerg dofir fir eng Bestäubung vum Hieselter. Esou kann am Hierscht villen Deieren wie Kaweechelchen, den Maarkollef, an natierlech der Hieselmaus an aneren d ‘Hieselnoss offréiert ginn. Den Hieselter ass eng aal Kultur planz , a war och ëmmer eppes ganz Besonnesches fir de Mënsch. Bei de Kelten wie de Germanen war den Hieselter helleg Och haut nach notzt och de Mënsch Hieselnoss als e gesond Liewensmëttel. Den Hieselter stellt keng grouss Uspréch a wiisst iwwerall an Hecken an am Bësch Den Hieselter ass fleegeliicht. Wann en ze grouss gëtt, e kann schonn eng 15 Meter héich ginn, einfach um Buedem ewech schneiden (Stacken) an hien schéisst erëm do aus.