Laang virun de Blieder weisen sech Mäerz- Abrëll déi wäiss Bléien vun de Schléiwen. Schléiwen sinn fir Päiperleken wei z.B den Tagpfauenauge oder klengen Fuchs , eng vun de wichtegsten Planzen. Bei Beien , Bommelen, an villen aneren Deieren sinn Schléiwen och ganz beléift. Vun de Schléiwen ernieren sech och eleng eng 20 Vullen Aarten. Déi däreg an dicht Schléiwen Hecken bidden de Vullen eng besonnesch gutt Nascht Méiglechkeeten. Och fir de Mënsch hunn Schléiwen villes ze bidden. Aus der Schléiwe Bléie léist sech en Théi maachen, aus de Friichten Gebeess ,Jus ,Wäin, Likör wei Branntewäin. Dernieft ginn Bléien, Blieder wei Friichten vun der Schléiwe och zu medizineschen Zwecker gebraucht.
Powered by Phoca Gallery