An der politescher Diskussioun huet de Bësch zu Lëtzebuerg ausser Gelabers an de Sonndesrieden wéineg Ënnerstëtzung.
2021 huet et vun der Ëmweltverwaltung geheescht, an de nächsten zwee Joer keng nei Bësch-Weeër méi ze bauen Dës Zäit wollt Ëmweltverwaltung notzen fir eng nei Strategie vun der Bësch-Bewirtschaftung auszeschaffen.
Wéi dës nei Strategië elo ausgesäit weess ech net, ma zanter enger Zäit fueren erëm Camionen an de Bëscher zu Lëtzebuerg, fir ebe grad där Weeër ze bauen . Weeër fir ze spadséieren? Wuel éischter net! Et sinn Weeër fir Holz aus dem Bësch ze huelen dat mer dann iwwer 8000 km wäit a China transportéieren. Wat en Onsënn, eng Absurditéit an dat och nach ob Käschten vum Steierzueler. Dozou e klenge Film  mat Beispiller