D ‘Naturschutz Gesetz soll wäertvoll Liewensraim virun enger Beanträchtegung oder guer Zerstéierungen schützen. Sinn Agrëffer an Liewensraim Biotopen néideg, ass eng Autorisatioun vum Ëmweltministèrë an Kompensatiounen erfuerderlech. Des Kompensatiounen ginn zu Lëtzebuerg séit e puer Joer no engem Öko Punkten System bewäert a berechent.
Esou Öko Punkten sinn schonn Dubios s a Komplizéiert, ënnert dësem Lin:
https://environnement.public.lu/dam-assets/documents/natur/biodiversite/ecopoints/Ecopoints-Leitfaden.pdf
kann e sech dësen Öko Punkten System am Detail ukucken.
Öko Punkten sinn an engem Land wou Wiertschaft eng grouss Bedeitung huet a séier wiisst och net komplett falsch. An der Praxis wierken dës Öko Punkten awer oft esou wei een modernen Ablass Handel . Mat engem System, eppes futti maachen, bezuelen, oder ersetzen, an dann ass alles an der Rei, domat kréien mer virgegaukelt einfach alles kennen bei der Natur ze ersetzen. Mer zerstéieren a mer bezuelen, an dann renaturéieren mer erëm.
Mee kann een mat Öko Punkten der Natur hëllefen?.
Kenne mer natierlech Strukturen, Liewes reim vun Deieren a Planzen déi sech iwwer Joerzéngten gebilt hunn, einfach probéieren ob enger anerer Platz ze (er)setzen, dann wa se eis hënneren ?
D ‘Planzen vun enger neier Natur Heck oder Beem, dat kenne mer liicht. Mee wann eng nei Uplanzung och no e puer Joer eng gewëssen Gréisst huet, brauch eleng eng Natur Heck iwwer 30 Joer bis se e vollwäertege Liewensraum ass, e Bësch brauch souguer iwwer 200 Joer bis sech esou eppes wei en natierlechen Bësch, gebilt huet. Also mat Öko Punkten kenne mer weder Natur direkt , nach kenne mer Natur an engem iwwerschaubaren Zäitraum, och nëmmen Usätz weis Kompenséieren, oder Ersetzen .
Natur brauch einfach vill Zäit, an déi Zäit hu mer Haut net méi. Lescht vun deenen Deieren a Planzen déi derbäi sinn ze verschwannen an Ausstierwen, déi Lescht geet ëmmer méi grouss. Mer kennen Haut mat Öko Punkten beschte Falls probéieren de Schued fir déi natierlech Ëmwelt déi mer eisen Kanner an Enkel Kanner iwwerloossen, längerfristeg e bësschen a Grenzen ze halen.
Sollten Öko Punkte dofir nach e gewëssen Sënn erginn, esou just bei Projeten, déi fir Gesellschaft eng absolut erwisen Noutwennegkeet huet, an ob kengem Fall duerfen Liewensraim betraff oder zerstéiert ginn, wou eng Kompensatioun net méiglech ass, well vill ze vill laang Zäitraim erfuerdert sinn.
E Veianer Schlass, eng Iechternacher Basilika oder Kathedral an der Staat, a vill aneres kee Mënsch wéilt, oder kann dëst ersetzen oder kompenséieren. Liewensraim an eiser Natur sinn lieweg, mat vill dynamesch Prozesser, déi mer mol net all kennen, wei wëlle mer do eppes ersetzen ?
Bei den Öko Punkten a Kompensatiounen ass et wei mat dem Wuesstem zu Lëtzebuerg, egal wei mer eis dréien a Kéieren, iergendwou ass eng Grenz.
Esou soll ee mat dënn Öko Punkten a Kompensatioun vun der Natur ganz virsiichteg ëmgoen. Eng Kompensatioun soll ëmmer nëmmen eng aller leescht Méiglechkeet sinn. Eigentlech gesäit Naturschutz Gesetz dëst och esou fir.Esou dierfen an der Gréngzone geschützten Liewensraim nëmmen zerstéiert oder Beanträchtegt ginn, wann den Agrëff dem ëffentlechen Interessen gelt. Och am Bauperimeter mussen jeeweileg Agrëffer och kompenséiert ginn.
An der Praxis muss e sech froen, wat heescht ëffentlech Interessen.
Am folgenden Film: e weidere Vëlo Wee tëschent Biekerech an Hitten, dee queesch duerch wäertvoll a geschützten Liewensraim gëtt. Ass dëst esou een ëffentlechen Interessen, deen Agrëffer an Zerstéierung vun wäertvollen Liewensraim gerechtfäerdegt. Un dësem Beispill gesäit een wei einfach et nach ëmmer zu Lëtzebuerg ass, wäertvoll Natur Reim ze zerstéieren, a dat dann Naturschutz Gesetz wei Öko Punkten der Natur guer net hëllefen.
Den Öko Punkten System hu mer zu Lëtzebuerg nom Virbild vun Baden Württemberg, hei e puer weider Videoen aus Däitschland als Informatioun zu deem Thema.
https://youtu.be/7ZipwoFumxs
https://youtu.be/YWWJ-1qLiVc
https://youtu.be/4d2yBav026U