Opgewuess zu Habscht, direkt nieft de grousse Bëscher vum Äischdal, déi  fir mech séier sou eppes wie meng zweet Wunneng gi sinn. De Bësch huet ob mech ëmmer eng grouss Faszinatioun ausgeüübt . Dobäi stoung fir mech mol net direkt den Naturschutz am Vierdergrond , mee de Bësch  war eng Platz déi mer ëmmer zu all Jore s Zäit, oder Wieder Situatioun eppes gebueden huet. Obwuel ech mech schonns frei an den 80 Joren am aktiven Naturschutz engagéiert hunn, stoung de Bësch hei fir mech net am Mëttelpunkt. Nee zu där Zäit war de Bësch duerch Naturschutz Gesetz geschützt. Et sinn zu där Zäit an der Kultur Landschaft awer ëmmer méi Liewensraim wei Hecken, Uebstbongerten, Fiicht Gebitter a fir allem Wisen verschwonnen. De Bësch war zwar staark duerch Forstwirtschaft geformt ginn, mee verschwonnen ass zu deem Zäitpunkt kee Bësch, am Géigendeel , och deemools ass kompenséiert ginn, an dëst ëmmer duerch Uplanzungen vun engem Bësch, ob Flächen wei Fiicht oder aner Wisen. Eréischt a menger Pensioun, wei ech och mat dem aktiven Naturschutz méi lues maache wollt, si mer neie Bësch Weeër ob der Kräizerbuch a Bëscher déi meng Kanner Stuff waren opgefall, an hunn mech dunn ëmmer méi zu engem Handelen bruecht.

Verschidden Video vu mir, zum Thema Bësch zu Lëtzebuerg.
Wat ass e Bësch
Verjüngung an de Lëtzebuerger Bëscher
Heedlandschaften zu Lëtzebuerg
Bei de wëllen Loorblummen
Sentier Mirador
Naturpied beim Stauséi
Mënsch a Bësch
Beton an der Natur
Päerd am Bësch
Ëmgehungsstrooss Käerjeng
Am Härebësch