Um  Bord vum Bësch bei der Kräizerbuch ginn et e puer grouss Nole Beem Monokulturen:

Nole Beem bei der Waasserbaach - Biekerech /Sëll

Den Dall an där d’Waaserbaach entspréngt kéint e  wäertvollen Liewensraum mat enger héich er Bio Diversitéit sinn. Eng Landschaft, grouss an ofgeleeën, mat Bësch a Waasser sinn gutt Bedéngungen fir eng top Natur Landschaft. D ‘Realitéit gesäit leider anescht aus. D’Quell vun der Waasserbaach gëtt fir Drénkwaasser genotzt. An dësem eigentlech flotten Dall ginn dofir ëmmer erëm, och elo nach, vill Aarbechten gemaach. E puer Meter gëtt d’Waasserbaach begleet vun enger natierlecher Vegetatioun wei Eerlen a Weeden. Ansonsten, ass  d’Landschaft laanscht Waasserbaach e Gebitt mat villen ausgebauten Weeër, an mat u Rei a Rei geplanzten Nole Beem. Fiichten aus jidder Altersklassen, déi neisten sinn virun e puer Joer geplanzt ginn.

E neien groussen Terrain, fir neier? ass schonns preparéiert, direkt bei der Quell vun der Wasserbaach. Dee gréissten Paradox ass de Versuch nieft dësen groussen Neiuplanzungen vu Fiichten aus engem klengen  alen Fiichte Bësch eng Heed ze maachen. Kennt Waasserbaach dann aus dem Bësch eraus fënnt se hei  wéinegstens eng flott an  Aarten räich Fiicht Wiss.

Direkt dernieft  dësem alen Nolebesch en Hu ( Stechpalme)  muss se der Heed weechen ?, oder gëtt se gemulcht..?

Schéi wär, wa mer der Natur nëmmen eng kleng Chance kéinten ginn.

Nole Beem och a Reifert nieft dem Takebierg bei Iener/Sell

Och hei um Bord vum Biche Bësch, Neiuplanzungen vun Fiichten Kulturen

Dëst an enger  Fiicht Zone, déi riets vun der Waaserbaach bei der Fiicht Wiss bei der Waaserbaach eraus kennt.

 

Laanscht d ‘Quell vun der Huewelerbaach bei Huewel/Biekerech

Direkt nieft  nei ausgebauten Weeër entspréngt a leeft Huewelerbach. Och dëst ass e  Gebitt voller Nole Beem an enger flotter Landschaft.  D’Huewelerbaach ass hei ëmmer frei gelaf ,an se konnt och esou als Drénk Quell fir Deieren déi hei liewen genotzt ginn.

 

Wat gutt ass, Nole Beem sinn ewech, firwat brauch elo dësen flotten Liewensraum en Zong ?  Nei Uplanzungen sinn och bei der Baach gemaach ginn, keng Nole Beem,.....et ass awer Schued firwat mer hei an dësem flotten an dynameschen Liewensraum, d’Natur net selwer entscheeden wei esou eng Platz sech soll entwéckelen. Wann een Deeler vun der ofgebrannten Fläch, d’ Markéierungen vun den neien Planzen an den Zong gesäit, dann mengen ech gesäit een dat  och hei ob wéineg Natur Verständnes ze hoffen ass

Och erëm vill nei Nole Beem bei der Hart

Um Bord vum Bësch bei der Kräizerbuch , bei Huewelange sinn och erëm nei Fiichten ugeplanzt ginn. Och dëst ass eng flott Landschaft bei Huewelange, mat nach villen Strukturen u Beem an Hecken an der vun Landwirtschaftlech genotzter Fläch. Déi nei Nole Beem stinn ob engem dréchenen Terrain, ob déi jonk  Beem mat der aktueller Klima Krise iwwerhaapt eng Chance hunn ?

 

Nole Beem beim Loetschenbour.

Och hei um Bord vum Bësch weider nei Nole Beem

 

Weider Biller vun de Nolebeem bei der Kräizerbuch