E weidere Bréif vu Mier u Responsabeler

Muss de Bësch Rentabel sinn ?

An de Bëscher bei der Kräizerbuch geet et weider mat dem Bau vu weideren breeden Besch Weeër. An engem Artikel am Lëtzebuerger Wort vum 29.10.19 mengt den Här Fohl Direkter vum Office National du Remembrement (ONR):

, Da muss Infrastruktur in den Wald“, erklärt Fohl. Für seine Behörde ist der Forst in erster Linie ein Wirtschaftsfaktor. „Waldbesitzer wollen ihren Wald nutzen und das Holz herausholen und wir schaffen mit dem Wegenetz eine Anbindung an das Straßennetz, um das Holz abzutransportieren“, erklärt Fohl.

Och den Här Hoffmann Buergermeeschter vun der Gemeng Habscht mengt an engem Artikel am Tageblatt vum 11.10.19:

Der Hobscheider Bürgermeister Serge Hoffmann (C5V) bestätigt, dass die Gemeinde darüber informiert wurde, dass solche Arbeiten stattfinden. "Das wird gemacht, damit der Wald bewirtschaftet werden kann und dafür geeignete Wege zur Verfügung stehen”, sagt Hoffmann auf Anfrage des Tageblatt. "Dann müssen sie nicht mehr außerhalb der Wege fahren, um damit den Boden zu beschädigen.”

An de Bëscher bei der Kräizerbuch huet hei séit Mënsche gedenken eng Notzung vum Besch statt fonnt. Dofir sinn och an dësen Bëscher eng Rei Forst Weeër, dëst nieft deenen elo neien Besch Autobunnen. Dofir brauch och net vill ausserhalb vun de Weeër gefuer ze ginn, wei den Här Hoffmann mengt. Haut gehéiert zu enger nohalteger Forstwirtschaft dat een net méi kräizt a quier duerch e Besch fiert. Fir dëst ze verhënneren ginn et déi sougenannten  (ob däitscht) Rückeweg oder Rückegasse, dei sinn bei ons mat weise Stricher un de Beem gezeechent, dat och an de Bëscher bei der Kräizerbuch.

reckgassen 

 

Dëst Gaassen sinn geduecht, dat Beem ausschliisslech iwwer esou Gaassen aus dem Besch eraus geholl ginn.  Dëst geschitt dofir mat spezialiséierten Besch Maschinnen. Esou gëtt de Besch a besonnesch sei Buedem insgesamt geschützt.

Den Här Fohl, wei den Här Hoffmann mécht sech ausschliisslech Gedanken iwwer d ‘Wiertschaftlechkeet vun eise Bëscher. 5 Milliounen Euro huet den Office National du Remembrement (ONR) eleng fir 2019 zur Verfügung, fir esou Bëscher ob der Kräizerbuch méi Wiertschaftlech ze maachen. Circa  6 Joer laang ginn elo schonns esou Suen ob der Kräizerbuch verschafft.

Lount sech dat ?

No wellecher Wiertschaftlecher Rechnung gëtt dëst gemaach?

Bedeelegen sech Gemengen bei de Käschten?

Gemenge wei Habscht, Biekerech oder Sëll déi jo och als Besch Besëtzer vum Besch profitéieren, missten sech eigentlech och un de Käschten bedeelegen?

Laut Här Fohl ginn d ‘Bëscher duerch déi nei Weeër méi Wiertschaftlech, also d ‘Gemenge kasséier en méi Suen fir hiert Holz wat ze hei raus verkafen, also missten Gemengen  och esou eng Investitioun mat droen? Kritt all Gemeng am Land elo esou Weeër gebaut? Wéivill Camione fueren pro Joer iwwer dës Weeër an de Bëscher bei der Kräizerbuch?  No enger Rei Joeren Erfahrungen mat den neie Weeër ob der Kräizerbuch, Tarchamps a soss, misst et jo Vergläicher ginn, em wéivill mécht dann esou nei Weeër de Bësch méi Rentabel ?

Interessant wier och wat déi zoustänneg Natur Verwaltung heizou mengt, Gesäit si de Bësch och ausschliisslech als e rentabelen  Wirtschaftsbesch.........?

Souguer wann dëst de Fall wier,..... misst een sech ower och froen wei steet et dann bei den üblechen Oploen a Kompensatiounen.

Brauch et fir Besch Autobunnen keng Oploen a Kompensatiounen

Esou Oploen a Kompensatiounen sinn normalerweis fälleg bei Aktivitéiten an enger Gréngzone, a besonnesch am Besch. Huet den ONR fir seng Besch Autobunnen ze bauen och esou  Oploen a Kompensatiounen kritt? Ob enger Fläch vun circa 17 km2  sinn bis elo iwwer 50 Km, bis 10 Meter breede Schneis en fir nei Besch Autobunnen duerch d ‘Biche Bëscher op der Kräizerbuch geschloen ginn.

kaart 2028 19

Vill Beem dorënner 200 Joer Aal Bichen an Eechen, hu missen weechen, an dat eleng fir d ‘Wiertschaftlechkeet vun dëse Bëscher ze förderen, wat fir Oploen woren dann do virgesinn?

All Bierger, all Verwaltung, all Betrib dien iergend en Agrëff an der Gréngzone well virhuelen, brauch dofir eng Autorisatioun vum Ëmweltminister. Bei enger Genehmegung ginn dann verschidden Oploen a Kompensatiounen gefrot. Wei ass et dann mat den Oploen an de Kompensatiounen fir d ‘Bësch Autobunnen vum Office National du Remembrement ?

Den Här Fohl mengt:……nach Rücksprache mit der Naturverwaltung und nach Erhalt der Genehmigungen im Umweltbereich auch durchführen. Zusätzlich ist eine Umweltimpaktstudie vorgeschrieben.“ Fohl spricht von Parzellenstrukturen und Holzmobilisierung. Der Wald als Plantage, nicht als Naturerbe.

Den Här Fohl schwätz von enger Umweltimpaktstudie, woubäi interessant wär, ass déi gemaach ginn?       A wat steet do dra?

Mee den Här Fohl schwätz net vun Oploen oder Kompensatiounen, ginn et tatsächlech fir esou Aarbechten keng Oploen a keng Kompensatiounen?

Kann a brauch den Ëmweltminister dem Landwiertschaftsminister keng Oploen a Kompensatiounen fir nei Weeër an engem Besch ze ginn?

 D ‘Wiertschaftlechkeet virum Drénkwaasser Schutz

D ‘Gemengen Biekerech, Habscht a Sëll, hunn an dem selwechten Areal wou déi nei Besch Autobunnen gebaut ginn, hier Quellen fir d ‘Drénkwaasser Versuergung vun hiren Awunner. D ‘Gemeng Biekerech verkeeft souguer dëst Waasser Weltwäit. Nu misst e mengen dat also de Schutz vun dëse Quellen fir déi Gemengen absolut Virrangeg wär.Theoretesch sinn  all Quellen an de Bëscher  bei derKräizerbuch geschützt wie et ob Geoportail heescht:

ZPS durch Großhrzgl. Verordnung festgelegte Trinkwasserschutzgebiete.

Wat steet also an der Ëmweltimpaktstudie  zu dem Thema Quellen an Drénkwaasser Schutz ?

Zur Zäit sinn an der Gemeng Habscht mindestens schonns zwee weider Weeër preparéiert (virdrun Huesepad oder Besch) fir an de nächste Méint zu Besch Auto Bunnen ausgebaut ze ginn.

23.04

2019

 Des Weeër lafen direkt iwwer d ‘Quellen: Uechtlach an Tunnel. Quellen iwwer déi et an engem Artikel am Mywort.lu vum 19.11.10 heescht:

“380 Kubikmeter frisches Quellwasser rauschen ins Netz

380 Kubikmeter Drénkwaasser bréngen déi Bësch Quellen al Dag der Gemeng Habscht. A genau direkt doriwwer bauen se elo Weeër fir mat Camione ze fueren?.

och

Déi zwee Weeër gi Biergof een ganz staark.

Dat ass eigentlech Onverantwortlech. Dës Weeër ginn esou ausgebaut laut dem Här Fohl, fir dat Camione matten an de Besch kenne fueren fir direkt Holz eraus ze huelen, dofir musse se eng gewëssen Breede hunn, keng eng Kéieren, an net ze géi sinn. Esou Camione hu keng besonnesch Schutzvirichtungen wei z. B Besch Maschinnen . Wann also esou e Camion an de Besch fiert, an en decken Steen... Aascht oder Sonsteges dem Camion e Schued un enger Mazout oder Ueleg Leitung oder Tank mécht, oder wann esou e Camion tippt,....jo dann geet dat ganzt direkt an de Buedem, an dann an Quellen. Déi Quelle si versaut, an dann entsteet och e Wiertschaftlechen Schued, och fir Gemengen Biekerech, Habscht oder Sëll.

Déi zwee Weeër endegen ob engem schmuelen Feldwee dien ënnert enger Bréck vun der eemoleger Eisebunnslinne Attert feiert.

bei der breck

Gett dëse Wee an d ‘Bréck och lo méi breet gemaach da d’Camionen heiriwwer kenne weider fueren?

Gemeng Biekerech ass Schold.

Den Här Fohl mengt:

„Wir tun das nicht, weil wir Spaß daran haben, sondern weil wir zum Beispiel von Gemeinden wie Beckerich eine Anfrage für solche Arbeiten bekommen……..

Ech weess net wei dës Ufro vun der Gemeng Biekerech ausgesinn huet, a wat Gemeng Biekerech domat wollt. Wat ech weess, ass dat Gemeng Biekerech iwwer Joeren eng absolut Virreider Roll zu Themen wei Naturschutz, Klimaschutz a Weideres iwwerholl huet. Dës dacks och onbequem Roll huet d ‘Gemeng Biekerech an  Zäiten duerch gestan, wou nach net vill Leit sech zu Nohaltegkeet an Ekologie Gedanken gemaach hunn.

2014  hunn ech déi nei Weeër och eng éischt Kéier.. an der Gemeng Biekerech festgestallt. Haut 6 Joer méi spéit sinn déi Aarbechten nach ëmmer net ofgeschloss. Och an der Gemeng Biekerech ass alt erëm nach e Wee preparéiert ginn, fir dat demnächst kéinten Camione doriwwer fueren. An engem Bësch mat circa 17 km2 sinn iwwer 40 km Weeër esou gebaut ginn, nieft Biekerech, och an de Nopesch Gemengen Habscht a Sëll. Ech weess net ob Gemeng Biekerech dëst wierklech wollt?

Wei ech 2014 dës éischt nei Besch Weeër an der Gemeng Biekerech entdeckt hunn, wor zu dem Zäitpunkt méi Respekt an Vertrauen an Gemeng Biekerech nach ganz grouss. Och dowéinst hunn ech selwer där Saach kee direkten richtegen Suivi ginn, och ech hu mer gesot, esou wei de Här Fohl meng:

……. „ Kurz nach den Arbeiten sieht das ein bisschen wild aus. Aber nach spätestens zwei Jahren wächst das Grün nach und man wird nicht mehr sagen können, ob die Wege vor zwei oder vor 100 Jahren angelegt wurden.“

Dat wat ech och ufanks zu menger Berouegong  gemengt hunn, ass ower leider falsch. Net nëmmen dat ech duerno, bis elo iwwer 50 km esou Weeër fonnt hunn, an dat och ob ville Plazen, wou virdrun nach ni e Wee wor.

De Besch ass e System wat lues reagéiert, esou Agrëffer wei ob der Kräizerbuch ass och fir e Besch enorm, an dat och nach an engem fir de Besch ganz klengen Zäitraum. Derbäi kennt dat de Besch schonns enorm Problemer mat der Klima Verännerung huet.  Och wann et am Besch séier erëm Gréng gëtt, Gréng a Gréng ass zweeërlee. Et sinn hei Strukturen a Beem verschwonnen déi méi wei 200 Joer hei gelieft hunn. De Bësch ass ee System mat villen Liewes Formen. D ‘Beem fir déi mer eis aus Wiertschaftlechen Grënn interesséieren, ass nëmmen eng vu villen. Flechten, Pilzer, Mossen , Farnen a Kraider bilden nieft dem villfältegen Buedem Liewen zesummen mat de Beem an engem Bësch eng besonnesch Gemeinschaft. Eng Gemeinschaft déi och Grondlag ass fir vill Deieren. Wat dës Gemeinschaft méi al ass, wat den ekologeschen Wäert och méi grouss ass. Dofir sinn och esou Bëscher wei ob der Kräizerbuch net ze ersetzen . Esou wei mer verschidden Kulturell wäertvoll Gebaier och net esou einfach ersetzen kennen. No enger ähnlechen Logik kéinten mer sämtlech Schlässer, Kiirchen a Weideres.... ofrappen, mer kenne se jo och erëm nei opbauen, jo da sinn se och méi nei..... méi schéin...?

Esou Gedanken sinn sécher och oft do, esou eppes dat déiwen mer och maachen, wann et net esou deier wier verschidden Gebaier esou erëm nei opzebauen, a wa mer et och iwwerhaapt nach fäerdeg bréngen Verschiddenes erëm opzebauen... 

Beim Besch ass et leider méi einfach, mer zerstéieren, a profitéieren och nach an enger éischter Etappe dovun. Direkt bei der Kräizerbuch an der Gemeng Habscht si bei der Virbereedung fir e neie Wee, erëm vill bis 200 Joer all Bichen ewech gemaach ginn ( woren am (oder ze no beim )Wee.

eechen

Dës Beem gi verkaaft, an wei mengt den Här Fohl:  et wiisst jo no............. Gratis....zumindest dat ass Wiertschaftlech rentabel. 

Wiertschaftlech wierklech rentabel ? doriwwer miss een spéitstens nodenken  wann een d ‘Aussoen vum Här Phlippe Genot, „Holzcluster“ Manager. bei Luxinnovation am Tageblatt Artikel  vum 11.10.19 liest.

……..Die Laubhölzer interessieren eher andere. „Sie sind für asiatische Länder interessant”, bestätigt Genot das oft in den Raum gestellte Gerücht, die Chinesen kauften alles, teilweise. Das Im Gegensatz zu Nadelholz viel härtere Laubholz wird Tausende Kilometer weiter zur Herstellung von Möbeln oder Stäbchen zum Essen verwendet. …….

Mär maachen Eis Bëscher mat Besch Autobunnen kapott, fir dann d‘Holz, dausende Kilometer weider ze transportéieren.....?

Klimaschutz a Naturschutz, Quo vadis, oder wat eng traureg Farce um Bockel vun enger pseudo Wiertschaftlechkeet.

Weber Jeannot