An dësem Wanter soll keen, oder wéineg Holtz gehaen ginn, konnt ech an de leschte Méint a villen Gemenge Berichter liesen. D'Ursaach, niddereg Holtz Präisser, an d’ Dréchen heet vun de leschte Joren.

Schéin, eng kleng an néideg Otempaus fir de Bësch, hunn ech geduecht. Mer sinn eréischt am Hierscht, vun esou enger Otempaus gesäit een absolut guer näischt.

Zumindest an de Gemengen Habscht- Käerch a Sëll, geet et weider, wei ëmmer. Prett zum Oftransportéieren leien elo schonns erëm vill  Bam Läichen do.

An der Gemeng Habscht ob der Kräizerbuch -“an der Pilen”  eleng eng 80 Beem

1 2

 Et sinn Bichen an Eechen mat engem Duerchmiesser vun 70 cm bis 1 Meter.

Zu Käerch hunn ech bis elo iwwer 80 esou Bam Läichen fonnt, dorënner Eechen, eng mat engem Duerchmiesser vun iwwer 1 Meter 35,  an mindestens 260 Joresréng konnt ech zielen.

3 

 Zu Sëll hunn d ‘Aarbechten eréischt ugefaangen, mee d'Gebitt, wou gehaen gëtt ass eng 25-30 ha grouss, also do kommen vill CO2 Späicheren dozou. Genau sou an de Gemengen Käerch wei Habscht wou vill weider Beem nach de rouden Stréch hunn,  dat bedeit d ‘Motorsee kennt nach.

4

5

Virun e puer Deeg waren all  dës Beem  nach lieweg CO 2 Späicheren. Fachleit soen, dat eng Bich déi bei 1,3 Meter  en Ëmfang vun 30 cm huet,  kann pro Joer eng 12,5 Kilogramm CO2 ophuelen. Oder eng Tonne COan 80 Joer, oder 80 Beem hätten kéinten........ Déi gehaen  Beem déi ech gesinn waren mindest nach eemol esou deck,  hätten och nach vill Joren kéinten als CO 2 Späicheren funktionéieren.

Jiddereen kann lo rechnen wéi vill CO2 Späicheren elo schonns  an de Gemengen Habscht Käerch a Sëll verschenkt si ginn, a wéi vill Opwand ee brauch,  déi   CO 2 Emissiounen ob iergend eng Aart a Weis an ze spueren.

Déi Beem hunn och nach virun e puer Wochen, wärend den waarmen an dréchenen  Méint gehollef,  fir e bessert Bësch Klima  ze suergen. Se hunn dem Buedem Schied gebueden, an dofir fir méi eng héich Loftfiichtegkeet, an méi déif Temperaturen gesuergt. Ech mengen vill Mënschen waren frou an de waarme Summer Méint dëst agreabel Bësch Klima ze genéissen.

Zu Habscht/ Kräizerbuch -“an der Pilen” wou lo eng 80 Beem gehaen si ginn, hunn ech den 9. August 2020 géint 16 Auer Temperatur gemooss. Ausserhalb vum Bësch war eng Temperatur vun 34 °C. Op där Platz wou lo  Beem gehaen sinn, hunn ech 25°C.  gemooss, e puer honnert Meter dovun wou  vill Beem virdrun wéinst der neier Bësch Autobunn gehaen si ginn waren dëst  schonns bal 29 °C.  

Ob esou eng gratis Klimaanlag, verzichten mer fräiwëlleg, firwat ?

Wirtschaftlech  mech elo Holtz haen, laut den Fachleit kee Sënn .

Wann ech den Direkter vun der ANF, den Här WOLTER Frank bei engem Gespréich richteg verstanen hunn,  akzeptéiert d’Natur Verwaltung,  wann d’Gemengen keng oder manner Wirtschaftlech Aktivitéiten an de Gemengen Bëscher  wënschen.  Firwat also net mol eng  Paus am Bësch ?

Esou Gemengen wei  Habscht , Sëll a Käerch verzichten fräiwëlleg ob zeg Tonnen CO2  Aspuerungen pro Joer..................

De Bësch als Klima Reguléierer, an als Liewensraum, ass awer wat elo zielt net d’Holz.

De Bësch ass System Relevant, de Fieschter als Holz Produzent sécher net. Vakanz Doheem schéngt och  keen Thema méi ze sinn.

Am Summer sinn dowéinst nach breet Forstweeer geméint ginn

6

7

Elo  ginn iwwerall d’Wander Weeër  mat engem Plastik Bändchen zougemaach, a Schëlder opgehaangen -Gefor -Forst Aarbechten- awer ouni weider Informatiounen, wei laang ass zou?, eng Deviatioun geet och net proposéiert 

8

 9

 Dat passéiert jee no Gemeng, also kann och matten ob engem Wee op emol esou e Bändchen hänken,

10

 

 wei hei tëschent der Gemeng Sëll an Habscht. 

Firwat muss e sech froen. Tëschen Habscht a Sëll hunn ech an de leschten Deeg , an der Woch am Daach, vill der Bännercher begéint, keng eng Kéier een Aarbechter gesinn oder héieren . Och ob engem beléiften Wee an der Gemeng Käerch tëschent Giewel a Simmer hänkt och esou e Bändchen.  Wei laang a bis wéini esou Aarbechten daueren,?     Op der Wander Weeër leien Beem queesch,  d’ Forst Weeër ginn  fräi gemaach.   A wann dann och d’Wanderweeër geraumt ginn, kennt ee se  oft net méi erëm. Jee no dem kënnen esou Aarbechten laang daueren mol Wochen mol Méint , dann hänken déi Plastik Bännercher do oder se flatteren an de Bësch.......

Firwat eigentlech esou Plastik Bännercher, iwwerall an de Bëscher fënnt ee  Spueren a Reschter vun esou Plastiker. Wann een de Bësch och nëmmen e bësschen Respektéiert, dann gehéiert kee Plastik an de Bësch. 

Bësch Weeër sol een och nëmmen dann zou maachen, wann wierklech eng Gefor besteet. Vill Weeër sinn gespaart, och dann wann keng Aarbechten gemaach ginn. Forstweeer ginn  souguer direkt geraumt a sinn fräi, just déi méi schmuel Wanderweeër bleiwen meescht mat Beem zou geluecht.

Wann ech Sécherheet am Bësch wëll, an dat muss een, an ass bei sou Aarbechten enorm wichteg, da muss een hei méi Gewëssenhaft  virgoen. Dozou gehéiert och d’ Informatioun, a vir allem eng besser Koordinatioun vun esou Aarbechten. Forst Aarbechten ginn am viraus geplangt, an mat Ausnam no engem Stuerm huet e vill Zäit iwwer sou Aarbechten ze informéieren. Dat virdrun op der Platz selwer , mat de modernen Medien huet een weider Méiglechkeeten Informatiounen ënnert Leit ze  bréngen.