Am Amazonas an ob ville aneren Plazen ob der Welt brennen d’Bëscher, d’Ursaach ass meeschtens Brandstëftung, et gi Leit déi sech vun enger Zerstéierung vun engem Bësch ee Profit erwaarden.....

Bei eis an de Bëscher entsteet och mol e klengt Feier, mee meeschtens keng Brandstëftung, a wann, dann nët aus wiertschaftlechen Grënn.

Nee d’Wiertschaftlechkeet vun eise  Bëscher ass eis schonns wichteg, a mir behandelen eis Bëscher och ganz Respektvoll....oder?  

2018 : Iwwer 32 km nei a breet Bësch Weeër bei der Kräizerbuch, an 2019 ?

Am Mäerz 2018 hunn ech schonns emol d’Ëffentlechkeet ob  iwwer 32 km nei a breet Bësch Weeër bei der Kräizerbuch, opmierksam gemaach.

Nei Bësch Weeër bei der Kräizerbuch

Dës dubios Aktivitéiten hunn sech iwwer e puer Joer an de Gemengen Habscht -Biekerech a Sëll zougedroen.

Responsabel fir dësen Projet wor den *Office national du Remembrement .

Firwat di Weeër gutt sinn? .... a wiem se sollen notzen?.....,ass fir mech bis haut net kloer.

No menger Interventioun sinn d ‘Aarbechten an de Bëscher vun der Kräizerbuch agestallt ginn, esou huet zumindest ausgesinn.

2019 , et geet weider ....?.

Elo Ufank September 2019 stellen ech fest, dat ongenéiert weider där Besch Autobunnen an dësem Bësch Areal bei der Kräizerbuch gebaut ginn.  E Besch dien souwéisou duerch d’Klima Problematik am Moment déi schwéierst Zéit séit Mënschen gedenken duerch mécht........ an dach och eise  Bësch gëtt ouni Récksiicht weider geschiedegt.   Wiem notz dat ? Et ginn an dësem Bësch Areal bei der Kräizerbuch ganz ënnerschiddlech Besch Formen a Strukturen, Ob ville Platzen e Bëschbild wat weist dat hei iwwer Generatiounen eng gutt Gestioun gemaach ass ginn.

1

D’Bich ass hei Doheem, dernieft fënnt een och Eechen an aner Lafbeem, ëmmer erëm schéin Naturverjüngungen, e Besch dien besonnesch op de Koppen, ewéi an den Häng enger nohalteger Bewirtschaftung entsprécht.

Naturschutz am Besch?

An de Bëscher bei der Kräizerbuch fënnt een och vill monotone Fiichtebestänn. Am Dall Richtung Iener (Gemeng Biekerech), mat dem passenden Kadaster Numm Waasserbaach, fënnt een esou zeg ha Fiichte Bestänn déi zum Deel eréischt knapp 12 Joer hunn, anerer sinn eréischt virun e puer Joer geplanzt . Am Moment gesinn déi Fläch mat den neien Fiichten an de ville Grieser an Bléi Planzen flott aus, eng absolut Beräicherung fir d’Insekten an aner Deieren. Mee dës Natur no Vegetatioun besteet just am Moment nach, lues ower sécher strecken déi jonk Beem hier Nues iwwer de Bord vun der natierlecher Vegetatioun.

 2

 3An de kommende Joeren dominéieren fir Jorzéngten esou Fiichten,

an ënnerdrécken des natierlech Vegetatioun, an esou entsteet e monotonen a praktesch doudegen Besch. Dat déi meescht Nolebeem zu Lëtzebuerg, et wéinst der Klima Verännerung souwéisou net méi laang packen, ass bekannt, an elo och iwwerall däitlech ze gesinn.

An ower maache mer weider wei bis her mat de Nolebeem, déi näischt mat engem Natur Besch ze dinn hunn. Dernieft stinn besonnesch déi nei Fiichten och nach an engem Quelle Gebitt ... Kadaster Numm Waasserbaach,..

Jo dat ass Naturschutz am Besch 2019.

Ass dat alles un Naturschutz 2019 am Bësch ?

Direkt nieft den neien Fiichten Uplanzungen gesäit een den Dilemma vum Naturschutz vun haut. Aus engem alen Fiichte Bësch gëtt probéiert eng kleng Heed ze renaturéieren. Eng kleng a flott Moossnam wei eng Renaturéieren vun enger Heed, feiert ower duerch ee feelend Gesamt Konzept oder Wëllen ? zum Absurd um,.......4

 Wat notzt e puer ar Heed, an eliminéieren dofir e puer al Fiichten, wann dernieft zeg ha jonk Fiichten, a Quellen an a Fiicht Wissen stinn, .....?
Iwweregens dat Klima bedenkt Stierwen vun eise Nolebëscher bréngt eis leider an de nächste Joeren nach ganz vill Heed .........

Hu mir keng besonnesch Verantwortung fir eis Biche Bëscher?

Bei dësen Fiichte Bëscher sinn och masseg der neier Besch Autobunnen.
Ëmsou méi och d’Fro nach eng Kéier, firwat brauche mer an eise Bëscher esou ausgebaute Wee Autobunnen?
Nee dat wat do an eise Bëscher geschitt, ass net ze verstoen, an eigentlech mat dem wat am Amazonas geschitt ze vergläichen. Ech well dat wat am Amazonas oder soss an den Natur Bëscher an der Welt passéiert net verharmlosen. Nee dat ass schlëmm an dramatesch, mee an deene Regiounen vun der Welt spillt d’Wiertschaftlechkeet eng total aner Roll wei bei eis, do geet et och oft em
d‘Iwwerliewen, bei eis em wat geet et do an eise Bëscher.....? jo em wat ...? wat fir eng Roll soll elo, an an der Zukunft eise Besch hunn............?
Wei am Amazonas sinn och bei eis e puer Lobbyisten, déi sech duerch esou Infrastrukturen an eise Bëscher e Profit erhoffen.
Eis Biche Bëscher um Sandsteen, si Weltwäit gekuckt méi rar wei verschidden Tropebëscher. D’Artevillfalt ass an de Bëscher wei am Amazonas zwar vill méi héich wei an eisen no Wiertschaftlechkeet ausgeriichtene Biche Bëscher, an dach sinn déi Laf Bëscher bei eis duerch hier Emolegkeet eppes ganz Besonnesches. An dofir hu mir fir esou Bëscher wei op der Kräizerbuch eng besonnesch Verantwortung . Mir sollen esou Bëscher onbedengt schützen, an alles maachen fir och eng méi grouss Artevillfalt an dëse Bëscher. Dozou gehéiert ob jiddefall, keng Verbauung an Zerstéierung vun natierlechen Strukturen, wei dat bei dësen neie Weeër de Fall ass.
DOZOU GEHEIERT OCH ENG NATIERLECH VEGETATIOUN, A KENG MONOTON FICHTENKULTUREN.

Legal,............ ower och Richteg?

Bei der Kräizerbuch wou schonns bis 2018 iwwer 32 km nei Weeër ugeluecht goufen, si der elo schonns erëm e puer km derbäi komm, 

5 

an et ginn däitlech Spuren dat och dat nach nët de Schluss ass.
An dat hei geschitt nët an Amazonien wou mer spektakulär Biller gewisen kréien, nee dat hei geschitt an engem ansonsten rouegen Besch Areal vu Lëtzebuerg , dien zwar bal esou grouss ass wei de Grengewald mee manner bekannt. Dat hei geschitt och nët illegal,..... ech zweiwelen kee Moment dat alles do seng Richtegkeet huet, mee ass dat Richteg ?
Ass dat richteg wat an de Bëscher bei der Kräizerbuch passéiert? Ass dat gutt fir de Besch? Ass dat Nohalteg ?, sinn déi Suen déi hei investéiert gi gutt ugeluecht?
Wei gesäit et iwwerhaapt mat de Kompensatiounen fir dës Aarbechten aus.
Normalerweis wa d’Natur beeinträchtegt oder Zerstéiert gëtt sinn jo Kompensatiounen erfuedert. Sinn fir déi Zerstéierongen a Beanträchtegungen vun der Natur bei der Kräizerbuch och esou Kompensatiounen virgesinn?

Keng Récksiicht ob de Besch

Bei der Kräizerbuch si bis elo erëm e puer km Weeër queesch duerch de Besch, wou bis elo nëmme Bësch (mol keen Huesepad) wor derbäi komm. Op esou Plazen (Foto) wor bis elo kee Wee.... näischt........nëmme Besch.....   

 6

Esou huet et nach de 24.05.2019 hei ausgesinn.

 7

 8                                                                                  Am September 2019 gesäit et elo esou aus

Och e puer km schmuel Huesepied ,sinn elo schonns erëm ob eng mindestens

5-6 Meter breet Schneisen, gebotzt oder planéiert ginn, woubäi alt erëm direkt um Rand aal Beem , dorënner deck Bichen an Eechen mussen Plaz maachen?

Weltwäit gëtt de Sand ëmmer méi knapp.

De natierlechen Ënnergrond an der Bescher bei der Kräizerbuch ass Sand, 

 9

 als nächst kennt dann esou en Tapis...  Steng an dann......?

 10

Jo dann erëm e feine Sand......e Sand dien vun Natur aus hei bei der Kräizerbuch am Besch ass, an mat dem Fiels dorënner fir een zolidden Ënnergrond suergt. Esou e Sand gëtt elo erëm opwenneg herbéi bruecht. Genau esou ee Sand, dien Weltwäit ëmmer méi rar gëtt, genau esou e Sand verbëtzelen mer hei bei an eise Besch Weeër, wee kann dat verstoen.... ?

Wat eng Ressourcë Verschwendung?, wat fir eng Energie Verschwendung ?

Muss al Camion direkt bei al Bam kenne fueren?

Nee et kann een nëmmen de Kap rëselen, besonnesch wann e gesäit wéivill Weeër och parallel zu enger Haaptstrooss nei gebaut ginn. De gréissten Deel vun de neie Weeër 2019 lafen praktesch manner wei 50 Meter nieft engem CR, anerer nëmmen e puer Meter nieft engem aneren Forst Wee. 

 11

 Fir de Besch a besonnesch de Besch Buedem ze schounen, sin an verschiddenen Bëscher fir Besch Aarbechten esou Gaassen gezeechent, Esou sol verhënnert ginn dat queesch duerch de Bësch gefuer gëtt. Ob der Kräizerbuch hunn ech nach keng esou Zeechen gesinn, brauch et och nët, hei sinn a ginn elo souvill Weeër ugeluecht, do brauch een esou Gaassen net, well al Camion direkt bei al Bam kennt.

Wiem notzen all di Weeër

Ech widderhuelen mech, mee d’Fro ass wichteg, wiem notzen esou vill ausgebauten Weeër?
Der Natur sécher nët, Leit déi wëllen am Besch Natur erliewen oder Erhuelung sichen ob dat zu Fouss , mam Vëloe oder soss déi brauchen esou Besch Schneisen och net. 
Dofir muss elo endlech Schluss sinn mat der Zerstéierung vun engem flotten a wichtegen Erhuelung an Natur Liewensraum Raum, wei de Besch bei der Kräizerbuch. Eigentlech wier esou e Bësch Areal wéinst senger Laach a Gréisst ideal fir e komplett aus allen wiertschaftlechen Iwwerleeungen eraus ze huelen.
Wou hu mer nach esou grouss Bëscher wei hei ob der Kräizerbuch?
Dësen Areal grenzt och direkt un d’Habitat Zone Äisch Mamerdall, also genuch Argumenter fir der Natur hei am Besch eng reelle Chance ze ginn.

Et goufen a ginn an dësem Besch Areal schonns ëmmer enorm vill Weeër.Dës Weeër aus wellecher Ursaach se och ëmmer entstanen, a gebrauch si ginn, déi ursprénglech Weeër woren fir allem vill méi schmuel, net riicht, mee der Topographie ugepasst, an de Buedem wor Natur. An de leschte 30 Joer sinn déi meescht Weeër kaum nach mat Maschinnen genotzt ginn (och dat hat seng Ursaach). De Besch wor awer trotzdem insgesamt mat gutt ausgebauten Weeër fir Forst Aarbechten erschloss.

12Esou sinn esou ab 2004 eng Rei gréisser Besch Aarbechten mat engem Kahlschlag vun zeg ha Nolebeem am Dall no bei Iener (Gemeng Biekerech) mam Kadaster Numm Waasserbaach gemaach ginn. Dat deemools bestehende Wee Netz huet ouni Problemer dës Aarbechten gemeeschtert. Also firwat elo ob emol dësen massiven Ausbau ? D‘Äntwert ass (wahrscheinlech) banal .......... ?

Den Office national du Remembrement huet d‘Méiglechkeeten, a keen steiert sech drun.

Wann een enger Gemeng proposéiert d ‘Weeër an d’Rei ze setzen, an et kascht och näischt, weder Buergermeeschter nach Fieschter kann do Nee soen...
Et sinn och déi kleng a grouss Privat Besch Besëtzer déi sech e Virdeel erwaarden bei neien Weeër am Besch. Begënschtegt gëtt dësen Amalgam dat ausser gutt gemengte kleng Natur Projeten et keng echt Strategie fir e konsequenten Naturschutz an eise Bëscher geet. Dëst Versäumnis feiert zu enger Situatioun wei se elo an de Bëscher op der Kräizerbuch ass.
An den Office national du Remembrement ass jo och forcéiert déi Suen déi een zur Verfügung huet ze Verschaffen. Also dofir ginn esou Weeër och uerdentlech ugeluecht. Dat heescht et gëtt massiv gebaut, ouni ze kucken wat néideg oder gebrauch gëtt.
Wéivill Weeër brauch iwwerhaapt e Besch fir eng Bewirtschaftung.....?
Wou vill Méiglechkeeten bestinn esou Weeër unzeleeën, besteet och vill Méiglechkeet déi Suen ze verschaffen déi zer Verfügung stinn. Kräizerbuch ass dofir absolut ideal. De Projet ob der Kräizerbuch ass anscheinend jo realiséiert ginn, well een aneren Projet am Éislek an Box gaangen ass.? Eleng ob der Kräizerbuch sinn zënter 2014 eng 40 km Weeër massiv ausgebaut ginn, derbäi kennt dat et hei nach eng Rei weider Forst Weeër gëtt, also komme mer elo 2019 schonns ob vill km Weeër......13Wann een Kaart vun der Kräizerbuch kuckt, gesäit een wahrscheinlech ass hei nach laang nët Schluss. Kräizerbuch ass einfach ee Schlaraffeland fir Wee Bauer...... et bestinn nach vill Méiglechkeeten bis mer och de leschte Huesepad massiv ausgebaut an wierklech al Wee total mateneen verbonnen hunn. Da komme mer mat Camione fir en Holz ofzetransportéieren wat a China geet. Ass dat wat mer wëllen ?, ass dat nohalteg ?, wellechen Energie Bilan produzéieren mer esou ?

D'FRO DEI ALSO IMMENS WICHTEG ASS , WEIVILL WEEER GI NACH OB DER KRÄIZERBUCH AN DE NÄCHSTE JOEREN AUSGEBAUT?
WAAT HUET DAAT BIS ELO DE STEIERZUELLER KAASCHT, A WAAT SOLL DAT BRENGEN....?  

Déi gréissten Besch Besëtzer ob der Kräizerbuch ass de Lëtzebuerger Staat an d'Gemengen.

Firwat brauche mer iwwerhaapt do e Remembrement ?

14 

Drainage oder Geld Verschwendung ?

15Wei hei sënnlos Geld verpëzelt gëtt gesäit een och un den Drainagen déi hei massiv an déi nei Weeër geluecht si ginn. Esou Drainage sollen dofir Suergen dat Waasser ofgefouert gëtt. Se leien massiv an de neien Weeër ,plazeweis all 30 Meter och Weeër dei praktesch riicht sinn, oder bei manner wei 5 % Neigung. Och sinn déi Drainagen queesch am Wee net ideal fir Kannerféiss, liicht kann een do falen. Fréier si mer als Bouwen mam Vëloe – mir haten deemools nach kee Mountainbikë-an de Bëscher gefuer. Gott sei Dank gouf et do nach keng esou Hürden, wat wieren dat Aachtercher ginn.

.Och bei dësen Drainage mierkt een, se maache kee Sënn ausser Geld aus ginn.?

Hei d’Resultat, no engem Joer déi meescht Drainagen sinn zou, fir ze botzen ass den Office national du Remembrement net zoustänneg ?

16

Bei de Bësch Weeër geet et nët um Sënnvoll oder gëtt dat Gebraucht.

Hei ons do brauch ee méi wei Suen oder deck Maschinnen

Ech kann och einfach net verstoen wei een an eise Bëscher an enger Zéit wou een eigentlech Natur an Ëmwelt Problemer däitlech gesäit, weider fiert wei wann alles an der Rei wier. Et ass net ze verstoen dat mat esou Natur feindlechen Projeten weider gefouert gëtt, einfach esou. Ech gesinn och net wou déi finanziell Mëttelen déi hei agesat ginn och iergend een positiivt Resultat fir d’Gesellschaft bréngen.
An dach kéinte mer vill wichteg Aufgaben am Natur an Ëmweltberäich, nach däitlech méi ënnerstëtzen.

Wei bréngen mer de Kanner a der Jugend d’Natur méi no.

Eppes wat mer um Häerz leit, wei bréngen mer de Kanner an der Jugend d’Natur an de Besch méi no.
Zënter menger Pensioun 2015 begleeden ech Schoulkanner bei diversen Aktivitéiten zum Thema Natur vum Naturschutz Zentrum Mirador zu Stengefort. Bedéngt duerch déi Industrielle Vergaangenheet vu Stengefort, ass do net nëmmen e wäertvollt Naturschutzgebitt entstanen,

17mee och iwwer fréier Schlaken Tippen oder Steekaulen feieren e puer kleng, ower schéin Huese Pied.
Ech kann versécheren, egal wat ech de Kanner ansonsten esou versichen ze presentéieren, bei esou Weeër ass d ‘Begeeschterung ëmmer ganz grouss. Dat gesäit een an dat héiert een...... dat ass cool komm mer ginn dat nach eng Kéier, och bei deenen déi de Wee virdrun nach ze weit war, och déi sinn ob esou Weeër an hirem Element. Dat deet mir och gutt, well do spieren ech dat mer eng reell Chance hunn och d’Kanner an d’Jugend fir de Besch an d’Natur ze interesséieren. Also wa mer d’Kanner erëm an d’Natur wëllen beweegen, dann ass kloer wat déi brauchen, nämlech esou vill wei Méiglech Natur......, an esou vill wei Méiglechkeeten d’Natur ze erliewen. Dozou gehéieren sécher keng monotone a langweileg begradegt Weeër. Mir brauchen eppes wat d’Natur an de Besch de jonke Leit interessant mech.... einfach Saachen. E Waasserpull, kee Kand kann dem widderstoen, vläicht déi Richteg Kleedung an dann dran.....Genau so bei der Jugend e flotte an interessanten Parcours deen se ouni Gefor (keng esou Geschichten wei déi mam Drainage) kenne mat engem Vëlo fueren. Kanner a Jugend brauch eppes wou se kennen aktiv sinn a wat se interesséiert.......
Wëssen iwwer d’Natur ass och wichteg, mee vill méi wichteg a menge Aen ass, d’Interesse an eng Begeeschterung fir Natur ze entwéckelen.
Jo et kéint een esou vill Flottes an de Bëscher realiséieren , hei brauch et méi wei Suen an e puer Maschinnen. Suen brauch een och, ower et brauch een vir allem Kreativitéit, an de Wëllen och mol en anere Wee ze goen.
Ech weess nët u wat et am mëschten Feelt.
Hei nach zwee Beispiller aus der Regioun déi och mat Weeër ze dinn hunn, a wou ee gesäit oder eben net gesäit wou den eigentlechen Problem ass .......
1. Stengefort:

Ënnert enger aaler Eisebunnsbréck vun der fréierer Attertlinn feiert e Wee vum Naturschutz Zentrum Mirador direkt zum Naturschutzgebitt Schwaarzenhaff. Bei dëser Bréck (steet ob der Lescht vum Denkmalschutz) ass schonns 2008 festgestallt ginn dat eng Restauratioun néideg ass. Fir de Schutz vun den villen Passanten ass eng Aart Passage ob gericht ginn( Kuck Bild..) Eleng eng 300 Schoulklassen besichen pro Joer den Naturschutz Zentrum Mirador, a wëllen meeschtens och zum Naturschutzgebitt iwwert dee Wee. Zenter esou 2014 ass dunn de Passage ënnert der Bréck komplett gespaart ginn.? 

 18

 Bis haut muss elo all Schoulkand oder soss dien bei dat flott Naturschutzgebitt Schwaarzenhaff well goen, en Ëmwee (dien fir kleng Kanner a verschidden Wiederconditiounen net ëmmer onproblematesch ass) a kaf huelen. Wéini an op dëse Wee erëm frei gëtt dien Stengefort mat enger vun der flottst er Landschaft vun der Regioun direkt verbënnt dat ass onbekannt ? Dat ass Schued net nëmmen wéinst dem Wee dien zou ass, mee eben och wéinst dem flotten Patrimoine; Bréck, Gleisen asw wou elo Beem drop wuessen a lues ower sécher Verfalen. Hei hu mer eng eemoleg Chance, Natur an Patrimoine och touristesch a Valeur ze setzen. Firwat maachen mer et net , ech weess et nët?
 

2. Habscht/Käerch:
Vu Käerch/ Simmer Richtung Habscht: am Baffelt genannt direkt laanscht dem CR an der Aisch befënnt sech eng flott a beléiften Platz mat Bänken- Dëscher asw , et ass och genuch Parkplaz fir eng hallef dosent Autoen, a vir allem fënnt een hei vill a flott Wander Weeër. Fir bei dës Platz direkt bei der Strooss ze kommen muss een iwwert eng kleng Bréck, och déi ass zënter dem 27.02.2018  aus Sécherheetsgrënn gespaart ginn.19

Zu Fouss a mam Vëlo duerf een elo nach doriwwer, wei laang nach ?
Schued, mee och hei d’Fro wéini passéiert eppes Konkretes, et huet wei et schéngt och keng Prioritéit .
Nee di zwee Beispiller an anerer weisen dat Saachen déi keen Wiertschaftlechen Interessie mobiliséieren, et schwéier hunn.


Brauche mer dat Haut nach, wëlle mer dat wierklech ?

Och wéinst (ënnert anerem) den Aktivitéiten vum Office national du Remembrement hunn ech mech Ufanks den 80 Joeren beim Natur an Ëmweltschutz engagéiert (Mouvement Écologique Regional Westen). Am Raum Klengbetten- Hoen ass deemools duerch e Projet vun Felder Zesummeleeën een Deel vun der deemoleger Eisebunnslinne Attert weg gebaggert ginn, zesummmen mat zeg km Hecken a Beem.

Mat e puer Joer Distanz stellen ech haut fest, dat den Office national du Remembrement seng Eigentlech Aufgab voll a ganz erfëllt huet. Bei därer Grënnung ass et em d ‘Wiertschaftlechkeet vun eiser Landwiertschaft gaangen. Ekologesch Gedanken, Naturschutz huet an den 60er ,70er an 80er Joeren keng Roll gespillt. Déi plazeweis haut monotone Agrar Landschaft ,mat den begradegen Baachen mat den dréchen gelu echten Fiicht Wissen........ déi Landschaft mat elo engem Minimum un Aarte Vilfalt, ... dat ass e Resultat wat deemools ugestrieft gouf.

Jo Basis vun dëser Agrar Landschaft wor, an dat wor och deem seng Aufgab, dat wor Viraarbecht vum Office national du Remembrement.
Fro ass elo 2019 ...... wëllen mer dat och haut nach, brauchen mer och esou eppes an eise Bëscher ? An engem Bësch dien sech elo ewéi an der noer Zukunft leider wäert wéinst de Klimatesche Bedéngungen Dramatescht änneren.
Ännere solle och mir eis, vir allem solle mer ophalen nëmme passiv dem Zerstéieren vun natierlechen Grondlagen wei de Bësch nozekucken. Mier kennen och Verännerungen aktiv a Konkret zu eppes positiven begleeden.
Dozou gehéiert dem natierlechen Verlaf an engem Besch Rechnung ze droen, a net duerch Infrastrukturen wei breet a massiv Weeër dem Patient Besch weider ze schiedegen.
Ech sinn der Meenung dat d‘Aktivitéiten fir nei Weeër an de Bëscher bei der Kräizerbuch direkt sollen agestallt ginn.
Ech wéilt och wëssen wat fir Weeër nach weider geplangt si fir sollen esou ausgebaut ginn ?
Eng weider Fro: sinn Kompensatiounen fir déi Aarbechten virgesinn, wat a wou ?
Wat kascht déi Aarbechten déi bis elo am Kader vun dem Remembrement ob der Kräizerbuch duerchgefouert si ginn?
Wat fir eng Zukunft fir d ‘Fiichte Bëscher ?

Zu menger Persoun

Joergank 58, vun Ufank den 80.er Joeren aktiv am Natur an Ëmweltschutz, bis esou 2014.
Aktiv nach ëmmer am Beräich vun Natur a Kultur an der Regioun Äisch- Mamer an Attert Dall.
Séit Joeren sinn ech aktive Comitée Member vun der Asivema ( Dach Organisatioun vun den Gemengen a Syndikater aus dem Äisch- Mamer an Attert Dall). Eng vu mengen Haaptaktivitéiten ass d’Sensibiliséirung vum natierlechen an kulturellen Patrimoine vun der Regioun.
Ech schaffen aktiv am Lokale Leader Group Lëtzebuerg West wei mam ORT Guttland mat.
D’Wander Weeër ass ënnert anerem do e ganz wichtegen Thema fir mech, an do sinn eng Rei flott Projete an der Regioun am Entstoen. Dofir hunn ech en Iwwerbléck fir ze behaapten, dat esou Aktivitéiten wei ob der Kräizerbuch absolut kontra produktiv sinn wat z. B. Wanderen an aneres ugeet, Dernieft sinn ech e bësschen sportlech Aktiv, Lafen och déi Trailen an de Bëscher bei der Kräizerbuch wei Aischdall Trail oder de Biekerecher Trail mat, a fueren och mol Mountainbike. Doraus si meng Kontakter wei Erfahrungen däitlech, och dee Beräich huet Problemer mat esou massiven Besch Weeër.

Et wier esou schéin wann............

Ob där aner Säit feelt et den ënnerschiddlech Acteuren, ob Tourismus oder Sport an anerer, och net un Iddien a Wënsch wat Besch Weeër ugeet . Et feelt ower oft um Geld oder enger Hëllefstellung, et feelt fir allem un der Vernetzung vun verschidden Iddien. Dat geet vun der Gestioun a Fleeg vun esou Weeër, Signalisatioun, a Weideres. Jo, vill Acteuren schaffen u flotte Projeten. Dem Tourismus Ministère seng Auto Pedesteren wei National Wander Weeër ( ginn am Moment iwwerschafft) sinn absolut gutt gemaach. Och Naturschutz Verwaltung huet hei flott Projeten an der Regioun, de Naturschutz Zentrum Mirador mat dem Sentier Mirador oder de Sentier Häerebësch sinn absolut flott Initiativen. Och ëmmer méi ginn et Fieschteren oder Gemengen déi verschidden Weeër méien oder soss an der Rei halen, ower leider nët all. Et passéiert schonn villes an de Bëscher, leider feelen Konzepter a fir allem mécht jiddereen séint. Esou och den Office national du Remembrement, deen stur seng Weeër no enger Wiertschaftlechkeet ausriicht, an de Virdeel huet iwwer vill Geld zer Verfügen. Et wier also esou schéin wann déi eenzel Iddien, Wënsch, Virschléi vun Bëschbewirtschaftung , Naturschutz , Tourismus, Fräizäit, asw kéinten eng gemeinsam Linn fannen.

Weber Jeannot