Hei e Bréif vu mir deen ech 2018 u verschidden Responsabler verschéckt hunn

Iwwer 32 km nei breet Bësch Weeër, an engem vun de gréissten Bësch Komplexer vu Lëtzebuerg bei der Kräizerbuch.

012818 131Ëmmer méi nei, a breet Bësch Weeër.
Esou em 2014-15 ass mer opgefall, dat bei der Kräizerbuch an der Gemeng Biekerech nei Bësch Weeër ugeluecht si ginn, ob eng Aart a Weis déi ech esou nach ni gesinn hunn. Och haut 2018 geet et monter an de Bëscher bei der Kräizerbuch weider, mat Schnuer richt a breet gefestegt Bësch Schneis en. Nieft der Gemeng Biekerech entstinn och esou Weeër an de Gemengen Saeul an Habscht. Des nei Bësch Weeër sinn begleet mat Obschëdungen vun Steng a Buedem bis weit an d’ Bëscher eran.

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

An de Bëscher bei der Kräizerbuch sinn esou eleng an de leschten 2-3 Joer iwwer 32 Kilometeren nei a breet Weeër an de Bësch geprafft ginn. D' Aarbechten schéngen nach net ofgeschloss, ech fannen ëmmer erëm neier. Iwwer 32 km hunn ech bis elo vermooss an ob enger Kaart agedroen.   besch weer kraizerbucht

Bei der Kräizerbuch sinn elo Weeër ugeluecht ginn, wou bis dato kee Wee war, oder verwuessen Huesenpied sinn zu Bësch Autobunnen ëmgewandelt ginn . Forst Weeër déi eigentlech an engem gudden Zoustand waren,ginn begradegt an verbreedert vun oft manner wei 3 Meter ob elo méi wei 4 Meter.
Ech begréissen et wann Weeër di an engem lamentabelen Zoustand sinn ob eng raisonnabel Aart a Weis an Rei gesat ginn. Jo ech verstinn et och dat mer uerdentlech Infrastrukturen an de Bëscher brauchen.
Dat wat elo awer zënter e puer Joer an de Bëscher bei der Kräizerbuch passéiert, huet a menge Aen näischt mat enger wäitsiichteger, an ekologescher Notzung vun Nohaltegen Ressourcen ze dinn.
Och gesinn ech hei keng Wirtschaftlechkeet. Wann ech gesinn wei massiv hei gebaut gëtt, wéilt ech och gären wëssen wat dat do kascht a wien dat do eigentlech bezilt ?.012818 347

Dat do ass a mengen Aen een uergen Agrëff an e wäertvolle Liewensraum Bësch.


Bëscher am Äischdall
Als Habscht er Jonk war ech houfreg wann et geheescht huet, d ‘Bëscher em Habscht zielen nieft dem Gréngewald zu den gréissten Bësch Areal ’er vu Lëtzebuerg. De Gréngewald ass jo duerch eng Autobunn déi sougenannten Nordstrooss a Matleedenschaft geholl ginn. Vun esou Infrastrukturen ass de Bësch bei Habscht, deen sech vun bei Arel- Biekerech bis déif an Äischdall zitt, bis elo verschount bliwwen. Dofir huet 2014 een uergen Summer Stuerm e grouss Areal er vum “Häerebësch” (en Nopesch Bësch vun der Kräizerbuch) bei Käerch –Simmer an Habscht fërmlech zerrappt, a fir eng 40.000 m3 Stuerm Holz gesuergt. Am “Häerebësch” hunn di Verantwortlech erkannt dass dës Natur Katastroph fir de Liewensraum Bësch och eng Chance ka sinn. Dësen “Natur Agrëff “ mat senger Gestioun kann een haut op engem circa 8 km flotten Léierpad besichen. Um: http://haerebesch.lu/ fënnt een méi Infoen dozou.
Och am “Häerebësch” waren praktesch all Weeër zerstéiert, an et hunn der missten an Rei gesat ginn, dat ass awer ob eng Aart a Weis passéiert déi absolut ok ass . Bei der Autobunn duerch de Gréngewald sinn eng Rei Impakt Studien an därgläichen gemaach ginn, mat Kompensatiounen asw. Ob der Kräizerbuch ginn iwwer 32 km Schneis en vun 4 bis 10 Meter Breet duerch e Bësch gezunn, an ech froen mech, op och bei de Bëscher bei der Kräizerbuch gekuckt ginn ass, wat fir en Impakt dës Agrëffer ob Flora a Fauna hei hunn?


Wou hunn Deieren wei d’ Wëlle Katz nach eng kleng Chance fir en Liewensraum ?
“Eist Wëllt Lëtzebuerg” huet eng flott Emissioun sech genannt, déi ech mat Interessi um Jore s Enn op RTL verfollegt hunn. Wëll Katz war eng vun deenen an den Emissiounen vir gestallten raren Deieren Aarten vu Lëtzebuerg. Wann net an esou Bëscher, wei hei bei der Kräizerbuch mat Verbindung bis déif an den Äisch- Mamer Dall, mat engem Korridor zum Attert Dall. Also wann net an esou Bëscher, wou loossen mer dann esou Deieren wei der Wëller Katz an anerer eng kleng Chance fir en Liewensraum? An do mengen ech ass och de Problem vun eisem esou räichen Lëtzebuerg. Mir kennen eis et erlaben vill Suen gläich zeideg an esou Infrastrukturen wei nei Bësch Weeër ze stiechen, egal wiem esou eppes notz, egal op et iergend e wichtegen Sënn ergëtt. Op der aner Séit stiechen mer jo och vill Suen an den Naturschutz, och ouni ze iwwerpréiwen op dëst alles nach Sënn mécht. Deieren wei eng Well Katz an anerer brauchen sécherlech eis Suen net, se brauchen hiren Liewensraum, an d ‘Rechnung fir ëmmer erëm Naturschutz mat Suen ze kafen gëtt iergend wann net méi op.


Natur ass e gedëllegen Patient.
Dësen Agrëff um Liewensraum Bësch bei der Kräizerbuch kann een liicht verharmlosen a verstoppen. Natur selwer suergt dofir, dat schonns no kuerzer Zéit sech e Mantel iwwert déi visuell Schied leed, déi hei am Bësch entstanen sinn. Blieder falen erof , zaghaft wiisst dat eent oder anert Gréngt.....
wee 6 020318 14
Iwwerall gesäit een elo de Gënster laanscht di nei Weeër, dat dëst eng Verännerung vun der Bësch Vegetatioun bedeit, wien interesséiert dat ?
Och de Buedem deen duerch massiv Obschëttungen vu Buedem a Steng gesteiert gouf , mech keng “Revolutioun “ e jäizt mol net iwwert déi Ongeheierlechkeeten déi him zougemutt ginn.

012818 316


Den Däitschen Fieschter, Buchauteur Peter Wohlleben schreift a sengem flotte Buch :
DAS GEHEIME LEBEN DER BÄUME
...Bis zur Hälfte der Biomasse eines Waldes steckt in diesem unteren Stockwerk. Die meisten Lebewesen, die sich hier tummeln, sind mit dem bloßen Auge nicht zu erkennen. Das ist wahrscheinlich der Hauptgrund, warum sie uns nicht so stark interessieren wie beispielsweise ein Wolf, ein Schwarzspecht oder ein Feuersalamander. Dabei sind sie für die Bäume möglicherweise viel wichtiger. Ein Wald kann auf die größeren Bewohner ohne Weiteres verzichten. Rehe, Hirsche, Wildschweine, die Raubtiere und selbst ein Großteil der Vögel würden keine schmerzhafte Lücke im Ökosystem hinterlassen. Selbst wenn sie alle zeitgleich verschwänden, wüchse der Wald doch ohne größere Beeinträchtigungen einfach weiter. Ganz im Gegensatz zu den Winzlingen unter Ihren Füßen. In einer Handvoll Walderde stecken mehr Lebewesen, als es Menschen auf der Erde gibt. Ein Teelöffel voll enthält allein über einen Kilometer Pilzfäden. All diese Wesen wirken auf den Boden ein,......

012818 33518 ha Bësch verbëtzelen mer, wat eng Verschwendung...
Wann een di mindestens 3o km Bësch Weeër déi bei der Kräizerbuch nei ugeluecht si ginn, mat enger mindestens Breet vu 4 Meter hellt, kennt een eleng fir Fuerbunn op 120.000 m2 di hei gebraucht si ginn, also 12 ha...... Wann een di gesamt breet di fir dës Weeër gebraucht si ginn mat enger duerchschnëttlecher Breet vun mindestens nëmme 6 Meter hëlt (zimlech oft sinn bis 12 Meter hei verbraucht ginn) dann kënnt een op eng Fläch vun mindestens. 180.000 m2 Bësch also 18 ha Buedem déi hei verbëtzelt gouf oder mindestens ob Joren schwéier gesteiert oder geschiedegt ass ginn.
Kenne mer eis esou eng muttwëlleg Verschwendung u Liewes Grondlagen ouni Weideres erlaben ?
Firwat iwwerhaapt eng Breet vun mindestens 4 Meter nëmmen fir Fuer Spur? All aner Forst Weeër déi viru Joren ugeluecht goufen hunn knapp 3 Meter.
Dréi Meter ass breet genuch fir dat all Gefier wat zu Lëtzebuerg ugemellt ass kann duerch e Bësch fueren. Firwat also elo eng Breet vu 4 Meter??

Verléierer
Esou Agrëffer hunn Verléierer, déi sech net wieren, kee Stëmmrecht hunn, a sech leider net direkt bemierkbar maachen. Verschidden Deieren oder Planzen verschwannen einfach aus esou gesteiert Gebitter ouni grouss Gedeessems .
Eis Landschaft gëtt esou ëmmer méi aarm, an eisem dach esou räichen Lëtzebuerg.
Wann mer mol net méi fäerdeg bréngen, an esou Bëscher wei ob der Kräizerbuch e Minimum u Respekt vis a vis enger Natur ze weisen, jo dann froen ech mech, wou soll dann dat iwwerhaapt nach méiglech sinn ?
Nieft mengem Häerz fir Natur, engagéieren ech mech och séit Joren an Organisatiounen di sech beméien dëser Regioun eng Touristesch Identitéit ze ginn. D’ Äisch, Mamer an Attert Dall huet nieft der Natur och nach esou munches a punkto Kultur unzebidden. Wander er , Vëlosfuerer- ob Strooss oder mat dem Mountainbike brauchen grad esou wei Leit déi sech mam Päerd an der Natur beweegen, och Weeër. An der Regioun bei der Kräizerbuch ginn et och fir dës Besoine excellent Bedingungen. Jo ech mengen et ginn wéineg Regiounen zu Lëtzebuerg déi sou ideal Bedingungen hunn wei Regioun am Äisch a Mamer Dall, fir sech ob eng ëmweltfrëndlech a gesond Aart Weis ze beweegen, a wou een flott Natur Erliefnesser kann hunn. Et kann e jo mengen dat di nei Weeër ob der Kräizerbuch, och fir de Wander er Vëlosfuerer a därgläichen eng Beräicherung kéinten sinn?
Sou einfach ass dat net , esou Bësch Autobunnen sinn fir vill Leit di Natur wëllen erliewen, dach ob Dauer langweileg, jo esou Bësch Autobunnen sinn souguer fir Projeten a Punkto Tourismus kontraproduktiv. Fir z. B. Wanderweeër ze zertifiéieren an Internationale Krit ären gerecht ze ginn, brauch een en aneren Typ vu Weeër: am beschten e schmuelen Natur Pad, ofwiesslungsräich, a,s,w, ..
Nei Weeër gi gebaut, wou bleiwen Entretien Aarbechten?
Ech hu keng Ahnung wat di iwwer 30 km Bësch Weeër kascht hunn, a wien dëst bezilt?
D ‘Aarbechten di hei gemaach goufen waren Uerdentlech, hei ass professionell a mat grousse Moyen geschafft ginn, hei ass sécherlech net u Geld gespuert ginn.
Ech wier schonn frou, wann een et kéint fäerdeg bréngen, eng minimal Fleeg vun de Wanderweeër ze garantéieren, dat se och ganz Joer begehbar sinn. Och feelt et u Méiglechkeeten bei Bedarf déi eng oder aner Reparatur bei der Beschëlderung oder Rascht Bänken virzehuelen.
Ob der Wonschlëscht och nach e puer Basis Infoen, wei bei dem Mëllerdall Trail z.B. an därgläichen, dann wier am Westen e wäertvollt Wee nëtz, wat den lokalen Leit wei dem Tourist zu gudde kennt.
Ech dierf mer mol dësen Verglach erlaben:
Wat mer ob der Kräizerbuch als Wee Projet gesinn, ass éischter en Industrie Produkt vun der Staang, bei eisem Wee nëtz brauchen mer awer méi eng Artisanal Virgoensweis, eppes méi un Situatioun ugepasst es.
Hei e Beispill fir dëst ze verdäitlechen aus menger aler Heemecht Gemeng Habscht, di mat di schéinst a meeschten Weeër vun der ganzer Regioun huet.

Wee 14 01Um Auto Pedestre vun Aischen 1 war op engem Deel Richtung Gäichel e schmuelen flotten Huesepad deen och mol e bësschen naass war, a wou Punktuell en Drainage vum Wee oder Ähnleches duergaange wier,
elo gesäit et hei sou aus.Wee 14 02

Um Auto Pedestre vun Äischen 2 ass och e wonnerschéinen Huesepad, hei brauch een mëttlerweil e Busch Messer fir derduerch ze kommen. Och sinn et nëmmen e puer Meter di zimlecht schlecht sinn, 2 Aarbechter mat e bësschen Geschir, an dësen Wee ass séier erëm wei e soll sinn.
022618 58022618 57022618 58

Dat Beispill vun Äischen ass keen Eenzelfall, Weepfleg oder kleng Reparaturen z.B. direkt no Bësch Aarbechten gesäit een seelen. Bei den neien Weeër bei der Kräizerbuch sinn 6 Meter laang duebel Offlossréier ageluecht si ginn (op verschidden Plazen all 30 Meter), dëst soll de Wee bei Reen virun Erosioun schützen.. Wat notzen wee 6 020318 328esou Virriichtungen , wann se net Periodesch gebotzt ginn, bei de Weeër op der Kräizerbuch sinn der vill schonns no 2 Joer komplett zou an se kennen esou net méi richteg funktionéieren ? Nee et schéngt dat et bei de Forst Weeër méi einfach ass nei Weeër mat groussen Opwand unzeleeën, wei e klenge Entretien bei de bestoenden Weeër ze ënnerhuelen.

Ass dëst nach Zäitgeméiss ?
Esou Nolebeem Plantagen passt dëst haut nach zu enger Natur noer Bësch Gestioun.?
012918 60Wee 5 020218 56Wee 5 020218 49
Dëst och nach ob suppegen Plazen,    wou een sech méi Natur Prioritéit kéint virstellen ?     an dofir nei Bësch Weeër ?

Wee 7 020318 228Wee 3 012918 33

Hoffentlech geléngt et wéinstens bei dësem flotten Quelle Gebitt an der Gemeng Biekerech, der Natur eng Chance ze ginn.


Et bleiwen e puer Dreem
Ech wier dofir schonn frou wann nëmmen en Deel vun deenen Suen, déi bei der Kräizerbuch sënnlos verbëtzelt gi sinn, fir Projeten zur Verfügung kéinten stoen, déi am Beräich Tourismus oder Ähnleches der ganzer Regioun kéinten vun Notzen sinn.
Jo ech wënschen mer, dat bei Projeten wei bei der Kräizerbuch am Virfeld gekuckt gëtt, ass dat wierklech Sënnvoll ?, wei passt dat der Natur?, wei ass et mat der Nohaltegkeet? Kann een net och aner Interessen mateneen verbannen?
Ech froe mech, kann een esou Projeten haut eleng nach aus der Wirtschaftlecher Siicht vun enger Forst oder-Landwirtschaft maachen?
Dat Argument wat jo oft bei sou Projeten muss hir halen ass jo -Wirtschaftlechkeet vun eise Bëscher.
Dozou dat heiten; dat meeschten Holz wat am Häerebësch nom Stuerm konnt verkaaft ginn, ass a China transportéiert ginn, mat Schëffer di dëst Holz als “Balastmaterial” gebraucht hunn?
Ass et net Zéit dat mer verstäerkt an de Bësch aner Iddien mat konkreten Projeten era bréngen, mateneen Verbannen wei Tourismus –Sport ( Beweegung) - Naturschutz an net ze Vergiessen eis Kanner.
Zukunft vun der Natur leit bei eisen Kanner ,wei sollen di sech spéider géigeniwwer enger Natur verhalen , wann eng Rei vun hinnen näischt méi oder vill ze wéineg aus der Natur matkréien ?
Ech weess och, dat mer och nieft de Suen zu Lëtzebuerg, och eng Rei raisonnabel Leit a Verantwortung hunn.
Iergendwann sollte mer ufänken der Natur wierklech eng Chance ze ginn, dofir och méi Schreiwes an Dossier als Informatioun.
Hei nach emol zum Schluss aus dem Peter Wohlleben sengem Buch:
........Doch es ist nicht nur der materielle Nutzen, der unsere Sorge um die Bäume begründen sollte. Es sind auch die kleinen Rätsel und Wunder, die es zu erhalten lohnt. Unter dem Blätterdach spielen sich täglich Dramen und rührende Liebesgeschichten ab, hier ist das letzte Stück Natur vor unserer Haustür, in dem es noch Abenteuer zu erleben und Geheimnisse zu entdecken gibt. Und wer weiß:
Vielleicht wird eines Tages tatsächlich die Sprache der Bäume entschlüsselt und damit Stoff für weitere unglaubliche Geschichten geliefert. Bis dahin lassen Sie bei den nächsten Waldspaziergängen einfach Ihrer Fantasie freien Lauf – sie ist in vielen Fällen gar nicht so weit von der Realität entfernt!
Biller zu den eenzelnen Weeër fannt der hei