Laanscht d ‘Quell vun der Huewelerbaach bei Huewel/Biekerech
Direkt nieft nei ausgebauten Weeër entsprengt a leeft Huewelerbach. Och dëst ass e Gebitt voller Nolebeem an enger flotter Landschaft. D’Huewelerbaach ass hei ëmmer frei gelaf ,an se konnt och esou als Drénk Quell fir Deieren déi hei liewen genotzt ginn.Wat gutt ass, Nolebeem sinn ewech, firwat brauch elo dësen flotten Liewensraum en Zong ? Nei Uplanzungen sinn och bei der Baach gemaach ginn, keng Nolebeem,.....et ass ower Schued firwat mer hei an dësem flotten an dynameschen Liewensraum, d’Natur net selwer entscheeden wei esou eng Platz sech soll entwéckelen. Wann een Deeler vun der ofgebrannten Fläch, d’ Markéierungen vun den neien Planzen an den Zong gesäit, dann mengen ech gesäit een dat och hei ob wéineg Natur Verständnes ze hoffen ass