2020 - En Ëmdenken am Bësch, wa net elo wéini dann?

En Ëmdenken am Bësch, wa net elo wéini dann?

Et ass elo Fréijoer am Bësch, an domat fänkt do en neit Liewen un. Am Bësch bei der Kräizerbuch, schéngt et wie wann d ‘Baggeren a Camionen fort sinn. Net fort sinn d’Schied um Bësch di duerch di nei Bësch Autobunnen ob der Kräizerbuch entstane sinn. Di meescht Schied kann een leider net méi réckgängeg maachen, bei anerer.....wa mer se loossen, suergt d ‘Natur fir eng kleng Korrektur.

Äntwerten vun 3 Ministeren.

Ech hoffen nach ëmmer ob eng Asiicht bei eisem Behuelen vis a vis vum Bësch. Wou ech dës Hoffnung hir huelen weess ech selwer net, bestëmmt och net aus den Äntwerten vu gläich 3 Ministeren zum Thema Bësch a Bësch Weeër.

D ‘Ministesch fir Ëmwelt, Klima a nohalteg  Entwécklung, de Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung an de Minister fir Tourismus ginn  op d‘Parlamentaresch Fro n 1272 vum 1. Oktober 2019 vum honorabelen Deputéierten Här Sven Clement eng Rei Äntwerten an Informatiounen.

Hei e puer besonnesch Äntwerten wei ob d'Fro:Wou befannen sech déi Projeten, wéi vill Surface betreffen se, wéi vill Besëtzer si Jeeweils betraff a wéi vill Kilometer nei Weeër si pro Projet virgesinn?

Projet

Besëtzer

Beschweeer

bestoend

Beschweeer

nei

Tarchamps

237

21,2 km

 18,6 km

Sell

250

33,3 km 

 

Biekerich

346

22,1 km 

17,4 km 

Eschweiler

798

82,9 km

17,8 km

Wanseler

406

19 km

25,4 km

   

178,5 km

79,2 km

Kee Remembrement an der Gemeng Habscht?

Un 257,7 Kilometer Bësch Weeër sinn esou gesamt fir Lëtzebuerg am Kader vun engem Remembrement an de leschte Joren geschafft ginn. Fir de Bësch bei der Kräizerbuch bedeit dat 72,8 km breet a riicht Bësch Autobunnen an de Gemengen Biekerech , Sëll.an.......? An där Oplëschtung feelt d’Gemeng Habscht, hei ginn et vun offizieller Säit keng Chifferen. No mengen Miessungen, sinn an der Gemeng  Habscht bis 2018 mindestens eng 7,4 km verbaut ginn, an am leschten Hierscht 2019 sinn nach mools circa 5 km derbäi komm (eng 2-3 km weider Weeër si schonns preparéiert). Also si mer bis elo schonns am Bësch bei der Kräizerbuch  bei 85,2 km esou Bësch Autobunnen.

Iwwer 85 km nei Bësch Weeër an engem Bësch vun circa 350 ha

Ufangs 2018 war ech bei mengen Miessungen bei circa 32 km nei Bësch Weeër bei der Kräizerbuch ukomm. Fir mech schonn eng extrem héich Zuel. Dofir hunn ech och e puer mol gemooss, an am Zweiwel no ënnen ofgeronnt, fir net de Virworf gemaach ze greien ze iwwerdreif en. Duerno hunn ech nach weider esou Weeër do fonnt, esou dat ech ob iwwer 50 km nei Weeër komm sinn. Lo no den offizielle Zuelen sinn dat eng 85 km.... an engem Bësch vun circa  350 ha. Dat ass absolutt Weltrekord, vill Regiounen an der Welt wiere frou, hire Bierger fir den Al Daach en Deel vun esou enger Infrastruktur kéinten ze offréieren.

 85 km Weeër, dat bedeit fir de Bësch bei der Kräizerbuch:

- 10 Meter breet Schneis en – ob 85,2 km also enger Fläch vun 85200 m also 8,5 ha Bësch ginn esou fir dës Infrastrukturen gebrauch.

 - Circa 1/3 sinn komplett nei Weeër, d.h do war nëmme Bësch -en Natur Bësch.  Vill bis 200 Joer al Eechen oder Bichen hu missen weechen, an hirer Platz ass elo e Wee.

Vill flott Natur no Huesepied sinn duerch breet Autobunne ersat ginn

Nieft dësen 85 km Weeër vum ONR ginn et nach eng Rei aner Weeër an dësem Bësch Areal.

Wei ginn esou Agrëffer an d’Natur kompenséiert?

Normalerweis muss zu Lëtzebuerg fir all Agrëff an d’ Natur oder fir eng Natur Zerstéierung eng Kompensatioun gemaach ginn. Dat gelt fir all Bierger, Gemengen a Verwaltungen.....?

Ginn d'Surface, déi duerch nei Bëschweeër dem Bësch verluer ginn, kompenséiert? Wa Jo, wéi vill Surface goufe pro Joer a Projet fir déi läscht 5 Joer kompenséiert? Falls nee, ass d'Ministesch der Meenung datt dës Surfacen en vue vun der Klimakris missten a sollte kompenséiert ginn ?

“D ‘Fläch fir déi nei Beschweeer gi net kompenséiert. An enker Zesummenaarbecht mat der ANF plangt den ONR d'Weenetz, dat dann vun engem onofhängegen Büro unhand vun enger Impakt Studie évaluéiert gëtt. Hei duerch gëtt garantéiert, datt den Impakt ob d ‘Ëmwelt op ee Minimum reduzéiert gëtt. Well de Bëschwee integralen Bestanddeel vum Besch ass, gëtt och keng Surface kompenséiert. *De Krouneraum kann och weiderhin vun de Beem genotzt ginn. Och gëtt de Beschwee net versigelt, soudass de Waasserhaushalt vum Besch Buedem minimal beeinträchtegt gëtt an och vun de Bam Wuerzelen genotzt ka ginn. Déi zwee Rand beräicher vun engem Beschwee sinn och nei kleng *Trittsteinbiotoper fir spezifesch Planzen an Insekten.” 

Bësch Weeer si gutt fir d' Forstwirtschaft, si se och gutt fit d'Natur a fir de Bësch?

Wann eng Natur Zerstéierung am Bësch vun enger Verwaltung wei der ANF gemaach, oder gutt geheescht gëtt, brauch se net kompenséiert ze ginn ?  D' Administration de la nature et des forêt ,mécht näischt wat der Natur schuet ?  “Nature “ steet souguer virun Forêt, zumindest am Numm.  An der Realitéit gëtt awer net verheemlecht, dat esou Weeër eleng aus wirtschaftlechen Argumenter gemaach ginn.  - Camionen musse kennen duerch de Bësch fueren, dofir déi breet a riicht Weeër. Esou Weeër si keng normal Forst Weeër, wei se soss ëmmer gebaut si ginn. Déi Weeër vum Remembrement brauchen en speziellen Ënnerbau, mat Steng an esou en Tapis aus Typar.  Typar  besteet laut dem Hiersteller- Dupont aus thermesch verfestegen, entloossen Polypropylenfaser , wei ëmweltfrëndlech esou eppes ass.... ?  All esou nei Weeër sinn laut der ANF integralen Bestanddeel vum Bësch, also praktesch Natur ?  Bei dësen neien Weeër handelt et sech net ëm e klengen Agrëff. Iwwer 85 km esou Weeër an engem Bësch , an iwwer 250 km zu Lëtzebuerg, ass net näischt, an alles anescht wei normal Bësch Aarbechten ?.   D’Agrëffer fir déi nei Weeër sinn net nëmmen däitlech siichtbar, se hunn och direkt Auswierkungen ob de Bësch, an ob all Liewen wat do statt fënnt, Kompensatiounen dofir brauch et dofir keng...? Normalerweis brauch een fir all Gaardenhaischen wat an enger Gréngzone gebaut oder geännert gëtt, eng Autorisatioun. Fir esou eng Geneemegung ginn et meeschtens Oploen an Kompensatiounen. Fir 85 km nei Bësch Weeër an engem Bësch oder 250 km zu Lëtzebuerg sinn keng Kompensatiounen néideg ?

*De Kroune Raum am Bësch 

Esou gesäit de Kroune Raum e puer Meter nieft engem neie Wee op engem Huesepad aus


                                                                                                    Esou ass de Kroune Raum elo ob de neien Weeër. D ‘Beem hunn hei vill Platz ob se dëst wëllen?

A wat bedeit dëst fir de Mikro Klima am Bësch ?

*Trittsteinbiotoper” am Bësch

Ob sämtlechen neien  Weeër ob der Kräizerbuch sinn d’ Waasserpill, ob kleng oder grouss, komplett verschwonnen, an dat op an nieft de Weeër. Dat waren excellent  “Trittsteinbiotoper”. Dat waren och bei den Dréchent Perioden, déi et elo duerch eng Klima Krise leider ëmmer méi ( an dëst net nëmmen an de Summer Méint) ginn, wichteg Drénk platzen fir déi gesamt Fauna. Dat ëmsou méi mer hei um Sandsteen sinn, mat wéinegen Weieren an Dëmpelen , an déi meescht Quellen sinn zou a se ginn fir eis Drénkwaasserversuergung genotzt

.........Trittsteinbiotoper fir spezifesch Planzen an Insekten.” ....... domat geet suggeréiert.  hei maache mer souguer eppes Positives fir d’Natur.  Duerch déi breet Schneisen, an duerch d’Verschwannen vun alen  Beem, fält lo méi Luucht laanscht déi nei Weeër an de Bësch. Dovun profitéieren um Bord vun de Weeër eng Rei Planzen, déi soss an deem méi däischter Bësch keng Chance hunn, oder gehat hätten. Dës neie Flora notzt och der Fauna dorënner och enger Rei Insekten. Dat ass awer nëmmen eng kuerz Zäit duerno huelen sech déi jonk Bichen hiren Terrain erëm zeréck. Also esou Schneisen, an zerstéieren vun engem primäre Liewensraum ze Recht fäerdegen mat esou enger Argumentatioun  ?

Nei Weeër = Nei Nolebeem = Keng Natur

011

 Am Dall bei der Quell vun der Waaserbaach ( gemeng Biekerech), nieft villen neien Weeër, iwwerall Nolebeem. Knapps sinn Weeër do fäerdeg ass een weideren neien Terrain preparéiert ginn fir............. ?

Dernieft an engem aalen Nolebësch nieft engem Projet fir eng Heed ze maachen esou e klengt Zeechen vun der Natur, en Hu (Stechpalme) an eng Biich

012

DSC 74889518

D’Fro ass, mussen déi elo der Heed weechen?, oder neien Nolebeem a gi gemulcht .?

De Biche Bësch ass net den Aarte räichsten, mee deen d’ Natur ob esou Plazen wei bei der Kräizerbuch virgesinn huet.

Esou e Bësch ass net den Ersatz fir d’ Problemer an enger Kultur Landschaft.  De Bësch ass bei eis déi Natur déi schonns do war wei nach kee Mënsch do war, an de Bësch lieft an iwwerlieft och gutt ouni de Mënsch.  De Bësch suerg selwer fir  esou “Trittsteinbiotoper, selwer fir  fir spezifesch Planzen an Insekten.” , meeschtens am klengen wann duerch e Stuerm mol e Bam ëmgefall ass, mee e kann och anescht. Dat kann een däitlech gesinn am Häerbësch bei Käerch a Simmer. Hei huet e kuerzen Summer Stuerm 2014 fir vill zerstéiert an gefalen Beem gesuergt. E puer Joer duerno huet sech am Häerebësch elo fir eng Rei Joren, eng enorm Aarte Vilfalt entwéckelt, an dovun profitéieren vill spezifesch Planzen an Insekten. Am Häerebësch  hunn déi Verantwortlech vun der ANF no dësem Stuerm richteg gehandelt ,an der Natur Prioritéit ginn. Och déi Aarte Vilfalt elo am Häerebësch ass  nëmmen vun enger gewëssen Dauer. Wann d’Natur awer weider hei a rou gelooss gëtt, entseet hei een vun de flottsten a wäertvollsten Natur  Bëscher vu Lëtzebuerg an der Regioun.

Begradegung vun Weeër = Verschwanne vun villen Randbiotopen

Duerch d’Begradegung, an wech Baggeren vum Bord vun de neien Weeër, sinn ob ville Plazen eng Rei wäertvoll kleng Biotopen verschwonnen. Bedéng duerch speziell Liicht a Klima Verhältnesser, war dëst en ideal Liewes Raum ënner aneren fir Flechten, Mossen a Pilzen.

Wien brauch esou Weeër a wien mécht den Entretien, a wei ?

Obwuel déi nei Weeër vum ONR wéinst de Camionen déi hei sollten fueren, och keng grouss Steigungen hunn, leien Masse weis Betoun Drainagen (Querrinnen) an de Weeër, ob verschidden Deeler alt all 50 Meter. Esou Querrinnen sollten bei engem staarke Reen, d’Erosioun um Wee verhënneren. No kuerzer Zäit schonns sinn déi mëscht där Querrinnen  verstopp,  a missten, sollte se iwwerhaapt néideg sinn, ginn gebotzt ginn. Dat steet och esou an enger Étude vum ONR : Evaluierung der ökologischen, ökonomischen und sozialen Effekte der Waldflurneuordnung in  Luxemburg

 Querrinnen müssen regelmäßig auf ihre Durchlässigkeit hin überprüft werden und erschweren den Wegunterhalt .

Esou gesäit et elo schonn, am Bësch ob der Kräizerbuch iwwerall aus. D'Querrinnen a soumat Drainagen sinn zou. Dat se zum Deel zou sinn verhënnert ëmmerhin dat se soss fir Spadséiergänger, besonnesch fir Kanner eng Gefor duerstellen. Op de Weeër selwer dierft eigentlech och keng minimal Natur méi zou gelooss ginn, et misst een ëmmer erëm ofkrazen, och doriwwer méi an der Étude wei dës Foto weist.

Abbildung 23: Demonstration des R2015-Geräts auf der KWF-Tagung 2016 Quelle: KWF, 2016

Bis elo ginn déi nei Weeër  am Bësch bei der Kräizerbuch an der Rou gelooss. Zwar gouf lescht Joer Plazeweis um Bord vun Weeër geméint, mee dat wor bis elo eng Ausnam.? Am Moment probéiert d ‘Natur erëm e Stéck vun deem wat se verluer huet erëm zeréck ze huelen, a dat ass jo och gutt.  Dëst ass awer net d’Ziel vun den Bauer vun esou Weeër. Dat geet och däitlech an där Étude  vum ONR her vir, a wat jo och ze verstoen ass. Entweder esou Weeër gi gebrauch fir dat Camionen kennen doriwwer fueren. Dann muss ech och derfir suergen dat den Zoustand vun de Weeër esou bleift wei dat geduecht ass. Der Natur, d’ Weeër ze iwwerloossen, an domat zouloossen dat Weeër erëm  Zouwuessen nodeems esou vill Suen investéiert si ginn, dat mécht kee Sënn ? Zoustänneg fir d’Fleeg vun dëse Weeër ass laut dem Remembrement Gesetz, d’Gemengen. An der Étude vum ONR steet och dran mat wat fir Käschten se ze rechnen hunn.

...Unterhalt der Bauwerke durch die Gemeinde

Instandhaltungskosten für Forststraßen können stark schwanken. Abhängig vom Pflegeintervall, lokaler Bauweise und Gegebenheiten muss hier mit 0,5-5,00 €/lfm/Jahr (Redmann et al., 2016) kalkuliert werden.

D ‘Verwaltungen kucke just no sech. 

Plangt den ONR nei Bëschweeër zesumme mat de Jeeweilegen ORTen fir esou zumindest och eng kohärent Erschléissen fir den Tourismus "doheem" ze erméiglechen?

“Déi geplangte Beschweeer vum ONR ginn net mat de jeeweilegen ORTen ausgeschafft. Se leien gréisstendeels ausserhalb vun den Zone wou haut scho Wander Weeër existéieren a stellen deemno net onbedengt eng supplementar Offer zu dem bestoende Wandereseau duer.........” 

 Eng Äntwert déi weist wei wéineg an de Verwaltungen gekuckt gëtt wat mer maachen. An de Remembrement vun der Kräizerbuch falen eleng 6 Auto Pedesteren, dat sinn Wander Weeër vum Ministere de L’Economie/ Tourismus. Vun deene 6 Auto Pedesteren sinn: Zwee an der Gemeng Biekerech : den Auto Pedestre vu Biekerech an dee vun Elvange. Dréi an der Gemeng Habscht,  den Auto Pedestre vun Habscht, dee vun Eischen 1 , an de vun Simmer 2 ass betraff.

 Um Auto Pedestre vu Simmer,

e puer Meter weider gesäit et elo esou aus

Een Auto Pedestre an der Gemeng Sëll ass betraff, deen leeft elo komplett iwwer breet a riicht Bësch Autobunnen. Och sinn am Remembrement vun der Kräizerbuch zeeche Weeër déi vu Mountainbike oder Päerd genotzt ginn. (Kaart vun den Wander Weeër, wei anerer an der Annex).

Um Geo Portail sinn z. B. dës  Touren fir Päerd ze fannen: Tour 12 :    Die Eischtal Rundtour Tour 10:      Vom Mittelalter in den Wilden Westen 

85 km nei breet a richt Weeër sinn an de Bëscher bei der Kräizerbuch an de leschte Joren gebaut ginn. Et goufen bei der Kräizerbuch schonn ëmmer vill Weeër déi Touristesch genotzt si ginn. All déi Weeër déi de Wander er Mountainbiker oder Reider bei der Kräizerbuch genotzt hunn, komme elo ob ville Plazen mat den neien Weeër massiv a Kontakt.

Hunn mer einfach keng Anung wat mer maachen? 

.......“Topographie vun deene Weeër déi vum ONR gebaut gi fir Holz aus dem Bësch ze schleefen, respektiv mat Camionen eraus ze feieren, entsprécht och net deene Critèren, déi mir eise Wander Weeër wëlle ginn: Mir siche vill méi kleng „Huesepied", amplaz vu breede Weeër. Zudeem vermeide mir hei duerch datt d'Wanderer an een Trafic mat grousse Bau- Maschinnen a Camione kommen, wou hir Presenz geféierlech war, respektiv wou mer reegelméisseg Sperrungen wéinst Besch Aarbechten op deenen Tronçonen hätten.”........... 

Natierlech huet den Tourist, an de lokale Wander er léiwer déi kleng „Huesepied".  Et entsprécht weder engem doucen an nohaltegen Tourismus, nach enger ekologescher Bësch Gestioun, wann stattlech Verwaltungen bei hire Projeten wei ob der Kräizerbuch esou kleng „Huesepied", Weeër massiv zerstéieren fir se duerch breet Bësch Weeër ze ersetzen. Ech froe mech firwat ee sech am Virfeld vun esou engem Projet vun esou neien Bëschweeër vum ONR, sech net ukuckt wei a wat vun Infrastrukturen do sinn. Munches wier vläicht ze verbesseren gewiescht, a wann och nëmmen minimal Korrekturen wei e bësschen Farw fir esou Bänken wei hei um Auto Pedestre vun Elvange 2.

Ob ville Plazen feelt och elo déi richteg Beschëlderung. Lo ginn et Weeër do war ni e Wee, ob anere Plazen wei um Auto Pedestre vun Habscht leit Beschëlderung am Eck

e puer honnert Meter weider Rieds déi komplett nei  Bësch Autobunn, lenks den ursprénglechen Auto Pedestres vun Habscht.

  Et bleift nach eng honnert Meter Huesepad,

Jidder Tourist trëppelt vill léiwer ob esou engem Huesepad weider, wei iwwer esou eng Bësch Autobunn.

 Vakanz Doheem.

An der Sanitärer Krise ass elo däitlech ginn, dat Regionaalt huet Zukunft, Och bei eis zu Lëtzebuerg ginn et flott an ënnerschiddlech Landschaften. Och e Bësch Areal wei deen  bei der Kräizerbuch gehéiert dozou. Eng Rei Infrastrukturen fir en doucen Tourismus ginn et hei, et gelt se just net ze zerstéieren an e bësschen a Valeur ze setzen. D’Kräizerbuch läit  tëschent dem Äischdall an dem Attertdall  a leit direkt un der Grenz mat der Belsch. Zu Fouss ass een vun hei an circa enger hallwer Stonn bei der Biekerecher Millen, eng Stonn bis bei d ‘Käercher Gréiweschlass ,Stengeforter Aal Schmelz oder och  Arel. All dëst Touristesch Event er an anerer sinn vun der Kräizerbuch  iwwer flott Infrastrukturen ze erreechen, an ëmgekéiert. Wann net elo wéini dann notze mer esou e Potential fir  eng Vakanz Doheem.

Vill onbeäntwert Froen bleiwen nach zum Bësch, de Bësch Weeër, an zu dem Remembrement :

- Wéi vill Weeër ginn elo nach ab -2020  ob der Kräizerbuch an de Gemengen Habscht, Biekerech a Sëll duerch de Bësch ugeluecht oder nei gemaach?

- Wéi vill Weeër ginn an de nächsten Joren, soss nach duerch d ‘Land ob di do Aart a Weis  ( Remembrement) ugeluecht ?

- Wei gesäit et mat engem flächendeckend en aktiven Naturschutz am Bësch aus.

- Wei gesi mer eise Bësch an der Klima Krise.? Sollt mer net elo mol dem Bësch eng Chance ginn, sech ob déi Verännerungen... Dréchent.. Hetzt.. anzestellen?  E Moratoire fir de Bësch, wei dat vill international Experten vum Bësch a Klima recommandéieren.  Mindestens aal Beem an doudegt Holz am Bësch loossen,...... och dat wat Fach Leit fuerderen.

 Wa mer et elo nach ëmmer net verstanen hunn:   Mir sinn e Stéck vun der Natur. 

-Zu Lëtzebuerg bauen mer iwwer 250 km Bësch Weeër nei, begradegen, an verbreeden se an e puer Joer , ass dat richteg .? Iwwer 85 km där Bësch Autobunnen eleng an engem Natur noen Bësch wei bei der Kräizerbuch, fir  dat Camionen duerch en Biche Bësch kéinten - (Betounung leit ob kéinten, well fuere maache se net)-fueren ? Brauchen mer tatsächlech esou Weeër..... ? Notzen esou Weeër tatsächlecher  der  nationaler Wiertschaft ...? Kënnen mer eis weider erlaben, en natierlechen Liewensraum ze verhonzen, nëmme well mer eng Stattlech Verwaltung wei den ONR hunn  fir déi mer soss keng Beschäftegung méi hunn  ?. 

Ass de Bësch net och System relevant? 

De Bësch, en Natur Bësch ass, dat ass kloer, System relevant, net aus wirtschaftleche Grënn, mee aus Ursaachen déi fir d ‘Allgemengheet  iwwer liewenswichteg sinn,  a weit iwwer eng kuerzweileg Beurteelen geet. Eng Klima Krise ass leider net iwwerstanen, o Contraire mer sinn eréischt am Ufank. De Bësch ass a bleift an der Klima Krise e wichtegen Partner fir eis Mënschen, dat bestreit  keen, handelen maachen déi Verantwortlech anescht. Ignoranz ass och eng Ursaach vun der eigentlecher haiteger Sanitärer Krise. Déi selwecht Ignoranz, déi mer lo nach ëmmer vis a vis dem Bësch, der Natur oder Klima Kriss hunn. Och virun esou enger Sanitärer Krise, ass vu Fach Leit gewarnt ginn. Mer  sinn iwwerrascht ginn, an et ass op emol schrecklech séier gaangen, hoffentlech leiere mer endlech doraus. Och bei der Klima Krise wei der Situatioun am Bësch ginn et däitlech Signaler, Ignoranz kenne mer eis net leeschten.

Och 2020 ass bis elo en dréchent Joer, och am Bësch

Schonns erëm e Fréijoer, wou Hetzt an Dréchent sech bemierkbar mécht, an de Bësch er néits virun grouss Erausfuerderungen stellt. Duerch di massiv Agrëffer am Bësch ob der Kräizerbuch kennt duerch déi breet Schneis en elo vill méi Luucht an Hetzt an de Bësch. Do ass dat lokaalt Mikroklima am Bësch däitlech verännert ginn. Da kennt nach derbäi dat ob ville Plazen am Bësch bei der Kräizerbuch am leschten Hierscht-Wanter grad déi fir de Bësch Klima wichteg eeler Bichen massiv gehaen si ginn. Iwwer 100 esou bis 200 Joer al Bichen sinn eleng direkt bei der Kräizerbuch iwwer engem Drénkwaasser Gebitt vun der Gemeng Habscht gehaen ginn.

   D’Beem sinn an zouen Container

gelueden ginn, dat weist drop hin dat des Beem, wei déi meescht an Iwwerséi -warscheinlech China ginn?

Nt nëmmen Biichen verschwanne esou aus dësen Bëscher, knap 2 km weider leien dëss Eechen dorenner Beem mat mei wei 200 Joer.

An engem Artikel vun der däitscher Naturwald Akademie heescht et :

 Dicke Bäume sind für den Klimaschutz besonders wichtig

Eine internationale Studie, an der mehr als 90 WissenschaftlerInnen beteiligt waren und in der 48 global verteilte, große Waldarealen untersucht wurden, zeigt, dass vor allem Bäume von großem Durchmesser wichtig für das Ökosystem Wald und die Speicherung von Kohlendioxid aus der Luft sind...........

Quelle:  Global importance of large-diameter trees: James A. Lutz et al.; Global Ecology and Biogeography,  2018; 27:849–864, DOI: 10.1111/geb.12747

Holz Hacker am Habschter Bësch ? 

All Beem, doudegt Holz, vill Natur....., all dëst hëlleft dem Bësch an der Klima Krise wann een rezent Publikatiounen vun unerkannten Experten zum Thema Bësch a Klima kuckt.

Eng Groteskt Situatioun zu Lëtzebuerg wann een dëst liest:

E Bericht  am Lëtzebuerger Wort vum 23./24. November 2019  iwwer eng Gemengerot Sëtzung vun der Gemeng Habscht.

Kontroverse Forstwirtschaft.

Aus den Ausführungen vom beigeordneten Chef des Verwaltungsbezirkes, Charles Gengler, zum Zehn- jahresplan der Forstverwaltung, war zu erfahren, dass in den Gemeindewäldern teilweise massiv auf eine Verjüngung des Baumbestandes gesetzt werden soll. Dies sei unter anderem aufgrund der trockenen Sommer, aber auch um den Holzwert zu erhalten, notwendig. So sollen auf dem Gebiet der ehemaligen Gemeinde Hobscheid 47 Hektar in den kommenden zehn Jahren erneuert werden. Auf dem der ehemaligen Gemeinde Simmern sind es zwölf.

Bürgermeister Serge Hoffmann meinte, dass der Wald der Öffentlichkeit gehört und nicht einer Verwaltung. Die Entscheidung ob ein alter Baum früher als notwendig gefällt wird, sollte nicht alleine auf ökonomischen Erwägungen zum Holzwert getroffen werden. Hier gelte es auch, den Sensibilitäten der Bürger Rechnung zu tragen. Auf Nachfrage von Hoffmann hin bestätigte Gengler, dass der Zehnjahresplan für seine Verwaltung bindend ist, wenn es darum geht, künftig die jährlichen Hack- und Haupläne zu erstellen. Worauf Hoffmann klarstellte, dass es immer noch der Gemeinderat sei, der diese Pläne gutheißen muss. Hoffmann wies darauf hin, dass es stets die Politik der Gemeinde gewesen sei, nicht mehr Bäume zu roden, als der zeitgleiche Neuzuwachs hergibt. Zum Hintergrund: In der Region hatte es jüngst Polemiken um Waldarbeiten gegeben, die in den Augen mancher Bürger zu intensiv waren. Der Zehnjahresplan wurde dennoch einstimmig angenommen.

 Recht huet de Buergermeeschter vun der Gemeng Habscht wann en bemierkt dat e Bësch kenger Verwaltung mee der Ëffentlechkeet gehéiert. Den Häre Hoffmann weess als Responsabelen vun enger Gemeng wei Habscht, déi ob hirem Terrain keng Industriezone huet, wei wichteg grad de Bësch ëmmer fir d ‘Gemeng Habscht war. Fir d Gemeng Habscht war de Bësch iwwert Generatiounen praktesch dat eenzegt Akommes, an do hunn och  laangfristeg Iwwerleeungen ëmmer eng wichteg Roll gespillt. 

Net ze verstoen ass also d ‘Haltung a Fuerderung vun engem Responsabelen Beamten vun der A.N.F, elo Beem ze haen fir esou nach séier Geld domat ze maachen. Hei gesäit een guer keen N.... fir Natur. Och net ze verstoen ass dat trotz der richteger a respektabeler Haltung vum Buergermeeschter vun der Gemeng Habscht, et dann awer zu engem eestëmmege Vote fir dëse Plang komm ass. Soumat ass praktesch gréng Luucht ginn, fir d ‘ofholzen vu wichtegen Beem, déi dem Bësch an der Gemeng Habscht am Kampf géint d’Klima Krise elo an a den kommenden Joren feelen. Ze hoffen ass dat sou séier wei méiglech eng Korrektur kënnt, an déi sougenannten al Beem an der Gemeng Habscht stoen bleiwen.

D’ Bich (Rout Bich ) ass nëmmen esou vun 100 bis 150 Joer interessant, ....... fir Forstwirtschaft.

An dësem Alter vun 100 bis 150 Joer huet d’Bich-  hir maximal Héicht erreecht. Et ass ëmmer ugeholl ginn dat fir eng Bich ouni Weideres eng 300 Joer méiglech sinn. Am National Park (Kalkalpe) Uewer Éisträich ass eng iwwer 500 Joer al Buch entdeckt ginn, déi als eelste Routbich vun Mëtteleuropa gelt. A Mëtteleuropa ginn et nëmmen nach ganz wéineg Ur Bëscher. Esou ass et schwéier ze soen wie al Bichen wierklech ginn. Soen kann een, dat eng 150 Joer al Bich sécher keen  ale Bam ass. Soen muss een dat egal wellechen Bam am Bësch an dësem Alter, eis an der Klima Krise ëmmer eng gutt Hëllef ass.

Aarbechten am Bësch ouni Aschränkungen, oder....?

Och elo ginn nach am Mee,  ëmmer nach gréisser Forst Aarbechten gemaach.

Zu engem Zäit Punkt wou vill Neit Liewen am Bësch entsteet. Et ass elo wou déi meescht Deieren vum Liewensraum Bësch  hiren Nowuess kréien, oder just hunn. Direkt nieft esou Aarbechten, bei enger vun deenen villen Réckgassen (déi sinn all 40 Meter) hunn ech virun e puer Deeg eng Wëll Kaz begéint, war dëst bedéngt duerch esou Steierungen?  Ech ginn dovun aus dat  esou Aarbechten elo am Bësch hir Grënn.hunn: .de Wanter kee Frascht, ze naass........ Coronavirus Stëllstand......a.s.w. .  an aus där ekonomescher Siicht et richteg ass. Mee ass dëst och richteg am Sënn vun enger Natur déi mer wëllen schützen. Ass am Bësch tatsächlech alles erlaabt......... An de Gréngzonen duerf tëschent dem 01.03 an dem 30.09 keen Heckestrauch geschnidden ginn, Am Bësch wou grad elo fir Natur déi wichtegt Zäit ass, ass alles méiglech  ?, Fir déi meescht Deieren spillt et  keng grouss Roll ob e Bam steet oder um Buedem leit, fir si bedeit  Beem en Deel vun hirem Liewensraum an do sinn Stéierungen egal welcher Aart sécher falsch. 

Eng Dier geet op.

Duerch di Sanitär Krise geet elo eng Dir ob, villes wäert net méi esou sinn, a ginn wei nach virun e puer Méint. Villes gelt elo  nei ze organiséieren, nei ze iwwerdenken, an déi Chance solle mer notzen Des Dier déi elo duerch esou eng Krise opgaangen ass, ass eigentlech souguer grouss ob, well  grouss Kreesser an eiser Gesellschaft hu verstanen dat weider esou geféierlech ass, an och net méi raisonnabel wier.  Mer sollten also och des Sanitäre Krise als eng Chance gesinn, eng Chance déi och fir de Bësch a zulescht och eis zou gutt kennt. Beim Bësch leit d’Handlung an d’Verantwortung praktesch eleng bei dem Staat a Gemengen. Si hunn hei an de wichtegsten Punkten d ‘Handhabung fir Decisiounen ze huelen. D’Leit stinn, esou wei ech bis elo aus de Reaktiounen zu mengen Beméiungen fir de Bësch ob der Kräizerbuch däitlech konnt fest stellen, absolut ob der Säit vun der Natur am Bësch. Also wat hënnert eis drun dat wat fir d’Natur an de Bësch wichteg a richteg ass ze maachen? Esou wei mer an der Sanitärer Krise ob Fach Leit gelauschtert hunn, an déi ekonomesch Gedanken komplett hannen ugestallt hunn, genau dat sollt och elo fir de Bësch de Fall sinn.

Holz Hacker an Agronomen hu laang genuch, a leider villes an di falsch Richtung dirigéiert, de Bësch ass méi wei en Holzliferand also:

En Ëmdenken am Bësch, wa net elo wéini dann?

 De Natur  Bësch ass vill méi, esou wei des Wieder déi ech iergendwou gelies hunn et gutt beschreiwen . 

D ‘Schéinheet vun de Bëscher kann een net kafen. Si gehéiert deenen de se entdeckt, begräift a versteet se ze genéissen.

 

 

 

 

 

 

 

 

 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
© 2015 Your Company. All Rights Reserved. Designed By JoomShaper

Please publish modules in offcanvas position.