www.webje.net

Zu Lëtzebuerg hu mer eng Rei schéin Landschaften. Et sinn Kultur Landschaften forméiert vu Mënschenhand , wei Wisen, Bongerten an Hecken. Souguer de Bësch ass  vun eis Mënschen staark beaflosst ginn. Och wann dës Landschaften an de leschte Joren ëmmer méi kleng si ginn, hunn déi  nach munchmol eng grousser Biodiversitéit. Et ass eng Natur vun där mer all profitéieren, well bei enger intakter Natur geet et och em gesond Liewensmëttelen, Waasser oder Loft. Et ass déi Natur, direkt virun der Dir, do wou ech liewen, déi fir mech och vill Freed a Liewensqualitéit bedeit. Ob dësen Säiten probéieren ech vir allem Schéinheet vun der Natur, vun den diversen Kultur Landschaft duerzestellen, a mat Fotoen, Videoen an Informatiounen e Wee ze weisen, dës dacks onscheinbar oft kleng Bijouen méi eng grouss Uechtung ze ginn.

Weber Jeannot

Image

Bësch Planzen am Fréijoer

Image